Andy Felten

Vu Wikipedia
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Andy Felten
Pseudonym Andy Fulton
Gebuer 12. Juli 1912
Lëtzebuerg
Gestuerwen 10. Abrëll 1984
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Klarinettist, Flüttist, Saxophonist, Arrangeur, Komponist

Den Andy Felten, gebuer den 12. Juli 1912 an der Stad Lëtzebuerg an och do den 10. Abrëll 1984 gestuerwen, war e lëtzebuergesche Klarinettist, Flüttist, Saxophonist, Arrangeur a Komponist.

Säi Repertoire goung vum amerikanesche Swingjazz iwwer Wiener a südamerikanesch Musek bis zu aktuelle Stiler vun der Ënnerhalungsmusek. Fir méi amerikanesch eriwwer zekommen, huet hie sech zäitweis och Andy Fulton genannt.

1926 mécht hie säin Debut als Beruffsmuseker am Josy Thoma senger Band The Big Six. 1928 grënnt hie seng eegen Jazzband, 'The Hot Boys Band. An den 1930er Jore spillt hien als Beruffsmuseker am éischte Radio-Ënnerhalungsorchester zu Lëtzebuerg, an der 'Ferry Jusa Band'. Enn der 1930er Jore stellt hie säi Quartett zesummen, mat Museker wéi René Schmitt (Gei, Kontrabass), Fred Gehlen (Saxophon, Klarinett) a Batty Nuss (Batterie). Hie spillt reegelméisseg an de bekannte Stater Etablissementer wéi Apollo oder Pôle Nord. An den éischten Nokrichsjore feiert hie grouss Erfolleger mat verschiddenen Ensembelen, an deene Museker wéi Johnny Glesener (Piano), Theo Makowsky (Batterie), Fred Gehlen (Saxophon, Klarinett) an Tommy Dallimore (Trompett) matspillen.

1960 verléiert hien ënnert trageschen Ëmstänn säi Bouf a seng Fra bei engem Autosaccident an der Belsch.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Quell[änneren | Quelltext änneren]

  • Spautz, Roger: Luxemburgs Pioniere der leichten Muse RTL Edition, Luxembourg 1983