Andy Genen

Vu Wikipedia
Andy Genen
Pseudonym -ND!-, -ND!- Genen
Gebuer 22. Abrëll 1979
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Comicauteur
Famill
Papp Albert Genen

Den Andy Genen, gebuer den 22. Abrëll 1979 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Comiczeechner a publizéiert ënner sengem Numm oder ënner sengem Label ND!.[1] Heiansdo ënnerschreift en och mat "Happy ant".

Den Andy Genen ass professionellen Zeechner an huet säin Atelier zu Bréissel. Ee vu sengen éischten Optrëtter an der Ëffentlechkeet war eng Planche, déi am Superjhemp-Album De Fluch vun der 23 vum Roger Leiner a Lucien Czuga publizéiert gouf. Duerno ass an der Revue den éischten Deel vun der Bande dessinée De leschte Ritter publizéiert ginn. Den Zenario fir déi BD an 3 Deeler ass vum Lucien Czuga.

Den Andy ass de Jong vum Albert Genen.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • 2005 - De leschte Ritter 1 (De Schatz vun Draachesteen) - Éditions Revue (Bd)
  • 2006 - Happy anthology - The art of ND! - Happy ant studios - 2006
  • 2007 - De leschte Ritter 2 (De Schwuer vun den Tempelritter) - Éditions Revue (Bd)
  • 2007 - Sasquatch - Viper Comics (USA) - Bande dessinée (Anthologie)
  • 2007 - Outline 1 - Verlag TheNextArt - Bande dessinée (Anthologie)
  • 2008 - Outline 2 - Verlag TheNextArt - Bande dessinée (Anthologie)
  • 2009 - De leschte Ritter 3 (D'Reider vun der Apokalypse) - Éditions Revue (Bd)
  • 2012 - De roude Puma - Éditions Schortgen
  • 2013 - Gefaangen an der Diddelenger Geschicht - Band 2 - Éditions Schortgen (zesumme mam John Rech)
  • 2015 - De Roude Puma an de Superjhemp krossen ouwer! - De Verlaach
  • 2016 - Déi schéinste Mythen op Lëtzebuergesch - Band I - Griicheland - Editioun Friederich-Schmit
  • 2017 - Déi schéinste Soe vu Lëtzebuerg - Band 1 - Éditions Revue, Editioun Friederich-Schmit
  • 2017 - Dem Junior seng Aventuren - Band 3 - Éditions Schortgen (zesumme mam John Rech)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Biographie vum Andy Genen op der Websäit vum Festival international de la bande dessinée à Contern