Andy Loor

Vu Wikipedia
Andy Loor
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dirigent, Sänger

Den Andy Loor ass e lëtzebuergesche Sänger an Dirigent.

Säi musikalesche Wee huet als jonke Perkussionist a verschiddenen Ensembelen, sou wéi an der Foulschter Musek (Fanfare Union Folschette) ugefaangen. Wéi hien an de Conservatoire du Nord komm ass, huet hie virun allem Uergel bei de renomméierten Organiste Carlo Hommel a Maurice Clement geléiert. Spéider huet hie sech op d'Chouerleedung beim Martin Folz an op de klassesche Gesang bei der Mariette Lentz konzentréiert. 2016 huet hien de Prix Supérieur am Sologesank kritt.

An Zesummenaarbecht mat den Ensembelen Eurocantica an dem Kamerkoor Maastricht, sou wéi bei de Produktioune vun der Classe d'art lyrique vum Conservatoire du Nord, ass hien als Solist opgetrueden. Am Februar 2014 hat hien an der Oper Rinaldo vum Georg Friedrich Haendel, déi am Centre des arts pluriels Edouard-Juncker (CAPe) opgefouert gouf, seng éischt Rollen an enger professioneller Opereproduktioun: déi vum Mago a vum Heraldo.[Source?]

2016 huet hien de Masterstudium an der Chouerleedung beim Ludo Claesen am Conservatoire zu Maastricht, souwéi den Diplôme du 1er Prix an der Orchesterdirektioun (Klass vum Carlo Jans am Conservatoire de la Ville de Luxembourg) ofgeschloss. Dono mécht hien nach e Studium fir moderne Gesang um Complete Vocal Institute zu Kopenhagen.

Zanter e puer Joer schafft hien als Dirigent fir den Institut européen de chant choral (INECC) a fir d'Union Grand-Duc Adolphe (UGDA) an hien ass Enseignant an der Réidener Museksschoul. 2017 huet hien den A-Capella-Chouer Crush?! gegrënnt.

Chéier, déi den Andy Loor dirigéiert[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]