Andy Maar
Den Andy Maar, gebuer den 19. Dezember 1983, ass e lëtzebuergesche Politiker vu Reiler.[1]
Hien ass Tresorier vun der Piratepartei Lëtzebuerg, Komitees-Member vun der Lesbian Gay and Bisexuals-Vereenegung Rosa Lëtzebuerg, Matgrënner vun der Initiativ ...och fir eis!, Member vun der Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker an Ex-Nationalpresident vun der ADR-Jugendorganisatioun ADRenalin. Hien huet am LTE eng Ausbildung als Telekommunikatiounselektroniker gemaach.
Politesch Carrière [änneren]
2010 war den Andy Maar zum Nationalpresident vun der ADRenalin gewielt ginn. 2011 gouf en a sengem Amt bestätegt. Donieft war e Member am Nationalvirstand souwéi dem Exekutivkomitee vun der Mammepartei adr. Als Vertrieder vun der Adrenalin, deenen hir Mammepartei Member an der AECR ass, war hie lëtzebuergeschen Delegéierten um Grënnungskongress vun den EYC.
No de Gemengewale vum 9. Oktober 2011 ass hien zusumme mat engem Deel vum ADRenalin-Nationalvirstand den 11. Oktober wéint politeschen an ideologeschen Differenzen zréckgetrueden an hien huet dunn och d'Partei verlooss.[2]
Den 29. Oktober 2011, ass hien um Landeskongress vun der Piratepartei Lëtzebuerg zum Tresorier gewielt ginn.
Um Spaweck [änneren]
- Dem Andy Maar säi Blog
- Säi Portrait op piratepartei.lu