Andy Schleck
Den Andy Schleck, gebuer den 10. Juni 1985 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Vëlosfuerer. Hien ass dee jéngsten vum Johny Schleck sengen 3 Jongen a fiert mat sengem Brudder Fränk Schleck am Team RadioShack-Nissan-Trek.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Carrière
Am Joer 2005 huet den Andy Schleck, am Alter vun 19 Joer e Profivertrag beim däneschen Team CSC-Saxo Bank ënnert der Leedung vum Bjarne Riis ënnerschriwwen. Dëse Vertrag leeft bis Enn vun der Saison 2010.
Beim Giro d'Italia 2007 huet en déi éischt Kéier op sech opmierksam gemaach, wéi hien 2. am Generalklassement gouf. Den Andy Schleck huet dunn den Trikot vum beschte jonke Proficoureur gewonnen, dësen huet hien och dat Joer drop gewonn, wéi hien déi éischte Kéier um Tour de France deelgeholl huet an do 12. am Generalklassement gouf.
Bei der Flèche Wallonne 2009 ass den Andy Schleck Zweete ginn. Am selwechte Joer huet e Liège-Bastogne-Liège als 1. ofgeschloss, 1:17 Minutte virum Zweeten. D'selwecht Joer gouf hien, hannert dem Alberto Contador, Zweeten am Tour de France. Hien huet dunn och fir d'zweet de wäissen Trikot vum beschte jonke Fuerer gewonnen. Den Andy Schleck war am Joer 2009 och Lëtzebuerger Champion.
2010 gouf den Andy Schleck 2. am Tour de France. Dem Vainqueur Alberto Contador gouf am Februar 2012 duerch en Uerteel vum Tribunal Arbitral du Sport den Titel oferkannt, sou dass den Andy Schleck nodréiglech zum Gewënner vum Tour 'nogerëtscht' ass.
Zënter der Saison 2011 fiert den Andy Schleck, wéi och säi Brudder Fränk, an dem neigegrënnten Team Leopard Trek (Enn 2011 ëmbenannt a RadioShack-Nissan-Trek).
[änneren] Palmarès
[änneren] 2002
- 4. an der Classique des Alpes
[änneren] 2003
- 2. am Tour de Lorraine
- 3. an der Classique des Alpes
[änneren] 2004
- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne (Kategorie Espoirs)
- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss am Zäitfueren (Kategorie Espoirs)
- 1. an der Flèche du Sud
- 3. am Grand Prix Tell
- 52. am Memorial Rik Van Steenbergen (201 km)
- 63. a Paris - Bourges
[änneren] 2005
- 3. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne (Kategorie Elite mat Kontrakt)
- 7. am Grand Prix de Wallonie (193,1 km)
- 9. an de Quatre Jours de Dunkerque
- 12. a Rund um Köln
- 14. am Ster Elektrotoer
- 6. an der 3. Etapp vu Sittard-Geleen op Valkenburg (181 km)
- 8. an der 4. Etapp vu Verviers an der Belsch op La Gileppe (189 km)
- 15. am Tour de la Région Wallonne
- 26. am Hervis-Tour
- 53. an der Course Cholet - Pays de Loire (202 km)
- 55. am Grand Prix d'Isbergues (200 km)
[änneren] 2006 (Team C.S.C.)
- 3. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne (Kategorie Elite mat Kontrakt)
- 8. am Tour of Britain (1. am Biergklassement)
- 10. am Gran Premio Industria Commercio Artigianato Carnaghese (180,4 km)
- 12. am Gran Premio di Chiasso (172,9 km)
- 13. an der Sachsen-Tour International (1. am Biergklassement, 1. am Kombinatiounsklassement)
- 16. an der Deutschland-Tour
- 23. an der Clásica Ciclista San Sebastián - San Sebastián
- 24. am Tour de Luxembourg
- 45. am Tour de Suisse
- 59. a Milano - Torino (199 km)
- 74. an der Volta Ciclista a Catalunya
- 74. am Grand Prix Ouest-France
- 80. am Trofeo Cala Millor - Cala Bona (159,4 km)
- 132. am Trofeo Mallorca (100 km)
[änneren] 2007 (Team C.S.C.)
- 2. am Giro d'Italia (1. am Klassement vun de Jonken)
- 4. an der 4. Etapp vu Salerno op Montevergine Di Mercogliano (153 km)
- 3. an der 10. Etapp vu Lido Di Camaiore op Santuario Nostra Signora Della Guardia (249 km)
- 3. an der 12. Etapp vu Scalenghe op Briançon a Frankräich (163 km)
- 10. an der 13. Etapp vu Biella op Santuario Di Oropa, Eenzelzäitfueren (12,6 km)
- 3. an der 17. Etapp vu Lienz op Monte Zoncolan (142 km)
- 6. an der 20. Etapp vu Bardolino op Verona, Eenzelzäitfueren (43 km)
- 9. an der 15. Etapp vun Trento op Tre Cime Di Lavaredo (184 km)
- 2. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss am Zäitfueren (Kategorie Elite mat Kontrakt)
- 4. am Giro di Lombardia (242 km)
- 5. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne (Kategorie Elite mat Kontrakt)
- 8. am Tour de Romandie
- 16. a Paris - Nice (3. am Klassement vun de Jonken)
- 21. an der Vuelta Ciclista a la Comunidad Valenciana
- 28. am Sparkassen Münsterland-Giro (209,22 km)
- 30. am Tour of Ireland
- 38. am Tour du Haut-Var
- 41. am Tour de Wallonie (8. am Klassement vun de Jonken)
- 45. am Tour de Pologne
- 46 a Liège - Bastogne - Liège (262 km)
- 50. a Rund um Köln (203,2 km)
- 52. am Gran Premio Bruno Beghelli (206,9 km)
- 57. an der Flèche Wallonne (202,5 km)
- 73 an der Hel van het Mergelland (187,5 km)
- 87. am Grand Prix Ouest-France (210,1 km)
- 93. am Amstel Gold Race (252,2 km)
- 80. am Critérium international de la route
- Deutschland-Tour (opginn an der 4. Etapp)
- 1. an der 2. Etapp zu Bretten, Equipenzäitfueren mam "Team CSC" (42,2 km)
- Gran Premio Nobili Rubinetterie (opginn)
[änneren] 2008 (Team C.S.C.)
- 4. am Liège - Bastogne - Liège
- 4. bei den Olympesche Summerspiller 2008 an der Course en ligne zu Peking (245 km)
- 5. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne (Kategorie Elite mat Kontrakt)
- 6. am Tour de Suisse
- 9. an der 2. Etapp vu Langnau im Emmental op Flumserberge (197 km)
- 8. an der 5. Etapp vun Domat-Ems op Caslano (190 km)
- 6. an der 6. Etapp vun Ambri op Verbier (188 km)
- 9. an der 8. Etapp vun Altdorf op de Col du Klausen, Eenzelzäitfueren (25 km)
- 9. am Rund um den Henninger-Turm
- 12. am Tour de France (1. am Klassement vun de Jonken)
- 10. an der 7. Etapp vu Brioude op Aurillac (159km)
- 9. an der 16. Etapp vu Cuneo op Jausiers (157 km)
- 3. an der 17. Etapp vun Embrun op L'Alpe d'Huez (210,5 km)
- 10. an der 18. Etapp vu Bourg d'Oisans op Saint Étienne (196,5 km)
- 18. an der Clásica Ciclista San Sebastián - San Sebastián (239 km)
- 19. am Critérium international de la route
- 23. am Tour de Luxembourg
- 23. an der Klasika Primavera (171,8 km)
- 53. am Tirreno - Adriatico
- 60. am Gran Premio Miguel Indurain (199,2 km)
- 73. am Amstel Gold Race
- 76. an der Flèche Wallonne (199,5 km)
- 101. am Tour du Haut-Var (197,3 km)
- Grand Prix Ouest-France (net ukomm)
[änneren] 2009
- 1. a Liège-Bastogne-Liège
- 2. am Tour de France (1. am Klassement vun de Jonken)
- 10. an der 13. Etape vu Vittel op Colmar (200 km)
- 2. an der 15. Etape vu Pontarlier op Verbier (207,5 km)
- 3. an der 17. Etape vu Bourg-Saint-Maurice op Le Grand-Bornand (169,5 km)
- 3. an der 20. Etape vu Montélimar op de Mont Ventoux (167 km)
- 2. an der Flèche Wallonne (195,5 km)
- 8. an der Montepaschi Strade Bianche (190 km)
- 10. am Amstel Gold Race (257,8 km)
- 11. am Tour de Luxembourg
- 1. an der 2. Etape vu Schëffleng op Déifferdeng (187,9 km)
- 28. am Gran Premio Miguel Indurain (191,4 km)
- 32. am Amgen Tour of California
- 46. am Critérium international de la route
- 128. a Milano - Sanremo (298 km)
- Klasika Primavera (net ukomm)
[änneren] 2010
- 1. am Tour de France (no der Disqualifikatioun vum A. Contador, dee virun him war), a beschte Jonken
- 5. an der 3. Etape vu Wanze op Arenberg (213 km)
- 1. an der 8. Etape vun der Station des Rousses op Avoriaz (189 km), wäissen Tricot (zënter der 7. Etapp)
- 7. an der 9. Etape vu Morzine op Saint-Jean-de-Maurienne (204,5 km), gielen Tricot (bis di 14. Etape)
- 5. an der 12. Etape vu Bourg-de-Péage op Mende (210,5 km)
- 4. an der 14. Etape vu Revel op Ax 3 Domaines (184,5 km)
- 1. an der 17. Etape vu Pau op de Col du Tourmalet (174 km)
- 6. a Liège-Bastogne-Liège (258 km)
- 9. an der Flèche Wallonne (195,5 km)
- 14. am Tour de Suisse
- 14. an der Vuelta Ciclista al País Vasco
- 18. am Amstel Gold Race (259 km)
- 21. am Amgen Tour of California
- 83. am Tirreno - Adriatico
[änneren] 2011
- 13. am Criérium international
- 10. an der 1. Etape vu Porto-Vecchio op de Col de l'Ospedale (198 km)
- 81. an der Vuelta a Andalucía - Ruta del Sol
- 3. Léck-Baaschtnech-Léck
- Meilleur grimpeur Tour de Suisse
- 2. am Tour de France
- 1. an der 18. Etape vu Pinerolo op de Col du Galibier/Serre Chevalier (200,5 km)
- 3. beim Gala Tour de France zu Lëtzebuerg
[änneren] Kuckt och
Portal Sport- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympioniken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
| Virdrun | Duerno | |
| Kim Kirchen | 2009 - 2010 - 2011 | ' |
[änneren] Um Spaweck
- Déi offiziell Säit vum Andy Schleck
- Fanclub Fränk & Andy Schleck a.s.b.l.
- Déi offiziell Säit vu Leopard Trek
| Commons: Andy Schleck – Biller, Videoen oder Audiodateien |