Angelika Machinek

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Angelika Machinek gebuer de 17. November 1956 a gestuerwen den 12. Oktober 2006 an der Géigend vun Echzell war eng däitsch Segelfligerpilotin.

D'Angelika Machinek hat Soziologie a Germanistik stodéiert an huet als Dramaturgin a Verlagslektorin geschafft. An der Lescht war se selbsstänneg Immobiliemaklerin zu Frankfurt um Main.

Si ass mat 14 Joer fir d'éischt gesegelt an huet 1973 de Piloteschein gemaach. Si war Instrukter fir Segelfléien, Motorfléien, ULM a Ballonfueren. Si war och an der däitscher Segelfluchnationalequipe a gouf fënnefmol däitsch Landesmeeschterin, an huet och en etlech Gielercher bei Welt- an Europameeschterschafte kritt. Och am Ballonfueren huet si e puer Rekorder. Hire Veräin war den Aero Club Bad Nauheim.

Den 12. Oktober 2006 huet si een Ofsturz mat engem ULM net iwwerlieft.