Angelina Whalley

Vu Wikipedia
Angelina Whalley
Gebuer 1960
Hannover
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Universitéit vun Heidelberg
Aktivitéit Physiolog, Dokter
Famill
Bestuet mat Gunther von Hagens

D'Angelina Whalley gebuer 1960 zu Hannover ass eng däitsch Doktesch an der Physiologie. Zanter 1997 ass si Direktesch vum Institut für Plastination zu Heidelberg.

D'Angelina Whalley huet hire Medezinstudium op der Universitéit vu Berlin ugefaangen, fir duerno op d'Uni vun Heidelberg ze wiesselen. Do huet si 1986 hiert Doktorat a Physiologie, um Institut fir Physiologie, mat enger Aarbecht iwwer d'Nierephysiologie gemaach. Dat selwecht Joer gouf si als Dokter an der Medezin zougelooss.

Wärend dräi Joer huet si als Wëssenschafftler am Plastinatiounslaboratoire vum anatomeschen Institut geschafft, an zwee Joer war si am pathologeschen Institut vun der Universitéit vun Heidelberg beschäftegt.

An Zesummenaarbecht mat dem Gunther von Hagens, dem René Maschke an dem Wilhelm Kriz huet si d'Wierk Schnittanatomie des menschlichen Gehirns (Steinkopf, Darmstatt 1990), erausbruecht. Si huet fir de Lexikon der Zahnmedizin (Quintessenz, Berlin 1993) vum Walter Hoffmann-Axthelm Definitioune vun Ausdréck an der Pathologie ausgeschafft.

Zanter 1993 ass si d'Cheffin vun de Produkter BIODUR déi plastiks Matièren an Accessoirë fir d'Plastinatioun, op de Maart bréngt.

An hirer Funktioun Artist an der Plastinatioun huet si d'Konzeptioun vun den Ausstellungen Körperwelten-Body-Worlds ausgeschafft.

Si ass zanter 1992 mat dem Dr. Gunther von Hagens bestuet.