Angelo Secchi

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Angelo Secchi

Den Angelo Secchi, gebuer den 29. Juni 1818 zu Reggio Emilia, Italien; gestuerwen de 26. Februar 1878 zu Roum war en italieneschen Astronom a Jesuitepater.

De Secchi ass schonn am Alter vu 15 Joer dem Jesuitenuerde bäigetratt a gouf mat 17 Student um Collegio Romano. Do krut hien nieft der Uerdensausbildung d'Méiglechkeet fir Astronomie ze studéieren.

Zu der Zäit vun der revolutionärer Réimescher Republik Roum hunn d'Jesuiten d'Stad misse verloossen an de Secchi goung mat e puer Jesuiten an den Exil. An där Zäit schafft hien an den Observatoirë vu Stonyhurst an England souwéi am Georgetown College zu Washington D.C., an den USA
Wéi hien zréck op Roum koum, huet hien 1850 d'Leedung vum Observatoire Collegio Romano iwwerholl.

De Secchi zerleet d'Liicht vun de Stären an der Sonn mat Hëllef vu Prismen. Duerch d'Verdeelung vun de Faarfmusteren an donkel Absorptiounslinne bestëmmt hien déi chemesch Zesummesetzung vu Sonnen- a Stäratmosphären. Hien ënnerscheet véier ënnerschiddlech Spektralklassen.
Dem Secchi seng Aarbechten op deem Gebitt ware bunnbriechend an hie gëllt als Pionéier vun der Spektralanalys.

De Secchi beschäftegt sech doriwwer eraus mat dem Afloss vun der Sonn op d'Äerdatmosphär an där hir elektresch Erscheinunge souwéi mat der Meteorologie.

De Secchi ënnersicht och d'Liichtduerchléissegkeet um Mëttelmier, wouzou hien extra e speziellt Miessverfahren entwéckelt hat. Déi vun him erfonnte sougenannt Secchischeif gëtt och haut nach an der praktescher Limnologie gebraucht.

Him zu Éiere gouf en 22 km grousse Krater souwéi eng 50 km laang Gebiergsgrupp, d'Montes Secchi, um Äerdmound genannt. Hien ass och den Entdecker vun deem no him benannte Koméit C/1853 E1.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]