Anglesey
| Anglesey | |
|---|---|
![]() |
|
| Geographie | |
| Fläch: - Total - % Waasser |
Op 9. Plaz 715,11 km² ? % |
| Haaptstad: | Llangefni |
| ISO 3166-2: | GB-AGY |
| ONS Code: | 00NA |
| Demographie | |
| Bevëlkerung: - Total - Bevëlkerungsdicht |
Op 21. Plaz bal 70.000 94 / km² |
Anglesey, op walisesch Ynys Môn, ass eng britesch Insel virun der Nordwest-Küst vu Wales am Iresche Mier. Et ass och den Numm vun enger Grofschaft.
Inhaltsverzeechnes |
Geographesches [änneren]
Den héichste Punkt op Anglesey selwer ass den Mynydd y Garn an dem nord-westlechen Eck. Awer den [[Bwrdd Arthur am Oste vun der Insel ëstlech vun der Red Wharf Bay an den Mynyedd Eilian am nord-ëstlechen Eck kommen bis op e puer Meter un en erunn. Den Holyhead-Bierg op der virgelagerter Holy-Insel huet 219 Meter (i.d.M.). Anglesey huet ausserdeem eng Küst vun 201 Kilometer.
D'Stied op Anglesey [änneren]
- Caergybi (Holyhead)
- Llangefni ass déi administrativ Haaptstad vun der Insel an déi zweetgréisst Stad.
- Amlwch war fréier den Hafe fir d'Kofferminièren an den Parys-Bierger, genannt nom Rober Parys, dem Kämmerer (Chamberlain) vun Nordwales ënner dem Henry IV.. An den Zäite vun de Réimer sinn do 80.000 Tonne Koffer am Joer produzéiert ginn, deen zu Neel verschafft gouf, déi d'Dunne vun de Segelscheffer zesumme gehal hunn.
- Biwmares (Beaumaris),
- Llanerchymedd
- Portthaethwy (Menai Bridge) ass eng Klengstad mat eppes iwwer 2000 Awunner. D' Llandysilio-Kierch, ass esou grouss wéi eng Hausgarage a steet op enger Hallefinsel.
De Verkéier [änneren]
- Autobunn: 31 Kilometer
- Landstroossen: 1179 Kilometer
D'Insel Anglesey ass vum Festland aus z'erreechen iwwer zwou Brécken.
De Stroosseverkéier geet iwwer d'original Menai Hänkbréck, déi 1826 vum Thomas Telfort gebaut gouf an der Britannia Bréck, déi d'Autobunn A55 an North Wales Coast Railway-Eisebunn dréit.
D'Eisebunnslinn vu Portthaethwy op Caergybi (mat Tëschenopenthalt zu Bodorgan, Ty Croes an Rhosneigr) féiert queesch duerch Anglesey vun Osten no Westen ass 69 Kilometer laang.
D'Sprooch [änneren]
Walisesch ass eng vun deenen eelste Sproochen an Europa. Op Anglesey schwätzen 62% vun de Leit Walisesch als Haaptsprooch. Jiddereen kann och Englesch. Et ass op Anglesey an am Caernarvonshire, wou dat rengste Walisesch geschwat gëtt.
- Wéi geet et? : Sut dach chi?
- Moien : Bore da
- Prost! : Iechyd Da!
- Merci : Diolch
- Villmools Merci : Diolch yn fawr
- Wëlkomm : Crueso
Wales huet en eegenen Tëlee-Kanal, den S42, national a regional Radio-Statiounen, Radio Cymru an Champion, Dozou kommen nach Walisesch Dageszeitungen an Zäitschrëften.
Dat wichtegste literarescht Wierk op Walisesch ass Mabinogion, eng Sammlung vun alen Erzielungen a Geschichten. Eng Iwwersetzung op Ensglesch gëtt et am Täschebuch (ISBN 0-14-044322-3)
Den Tourismus [änneren]
- Ëffentlech Trëppelweeër: 1056,5 Kilometer
Links [änneren]
Intern [änneren]
Extern [änneren]
Anglesey - Blaenau Gwent - Bridgend - Caerphilly - Cardiff - Carmarthenshire - Ceredigion - Conwy - Denbighshire - Flintshire - Gwynedd - Merthyr Tydfil - Monmouthshire - Neath Port Talbot - Newport - Pembrokeshire - Powys - Rhondda Cynon Taff - Swansea - Torfaen - Vale of Glamorgan - Wrexham
| Commons: Anglesey – Biller, Videoen oder Audiodateien |
