Anheuser-Busch InBev
Anheuser-Busch InBev ass di gréisste Brauereiskette vun der Welt no Volume.
D'Entreprise gouf 2004 duerch d'Fusion vun der belscher Interbrew and der brasilianëscher AmBev gegrënnt. No der Fusioun vun deenen zwéi Béierproduzenten, krut se den Numm InBev.
Den 12. Juni 2008 huet InBev annoncéiert datt se eng Offer vu 46 Milliaren Dollar gemaach huet fir Anheuser-Busch, déi gréisste Brauerei an den USA opzekafen. Nodeems déi Offer op 52 Milliarden eropgeschrauft gouf, huet de Verwaltungsrot vun Anheuser-Busch se den 13. Juli 2008 ugeholl. Duerno gouf den Numm an Anheuser-Busch InBev g'ännert.
De Sëtz vun der Firma ass zu Léiwen an der Belsch, an den CEO ass de Carlos Brito
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Geschicht
[änneren] Interbrew
D'Geschicht vun der Brauerei geet an d'Joer 1366 zréck op d'Brauerei Den Hoven vu Léiwen zréck. 1717 gouf dës Brauerei an Artois ëmbenannt.
1987 fusionnéieren d'Brauerei Artois, zweetgréisste Brasseur an der Belsch, an d'Brasserie Piedboeuf, gréisste Brasseur an der Belsch, deem ënnert anerem d'Brauerei Jupiler gehéiert.
Béid Brauereien haten an der Vergaangenheet schonn e puer auslännesch Brauereien opkaaft. 1991 vergéissert sech d'Interbrew radikal duerch d'opkafe vun engen 30 Marken an dat weltwäit.
[änneren] AmBev
D' Companhia de Bebidas das Américas (AmBev) ass duerch d'Fusioun vun de brasilianesche Brauereien Antarctica a Brahma entstanen a war am Fong haaptsächlech a Südamerika vertrueden.
[änneren] InBev
InBev entsteet schlussendlech duerch d'Fusion vun Interbrew an AmBev. Der Firma gehéiere méi wéi 200 Béiermarken, a si mécht iwwer d'ganz Welt Geschäfter.
[änneren] Marken
E sëllege Béiersmarken gehéieren InBev. Se sinn an véier Kategorien agedeelt.
[änneren] International Béiermarken
- Stella Artois (Belsch)
- Brahma (Brasilien)
- Becks (Däitschland)
[änneren] International Spezialbéier
- Hoegarden (Belsch)
- Leffe (Belsch)
[änneren] Multilänner Marken
- Bass (England)
- Staropramen (Tschechech Republik)
[änneren] Lokale Béier
- Alexander Keith's (Kanada)
- Antarctica (Brasilien)
- AstikA (Bulgarien)
- Baisha (China)
- BagBier (Russland)
- Belle-Vue (Belsch)
- Bergenbier (Rumänien)
- Bodingtons (Vereenegt Kinnekräich)
- Bohemia (Brasilien)
- Borsodi Sör (Ungarn)
- Boomerang (Frankräich)
- Bozicno (Kroatien)
- Borostyán (Ungarn)
- Cafri (Süd-Korea)
- Caracu (Brasilien)
- Cass (Süd-Korea)
- Chernigivske (Ukraine)
- Diebels (Däitschland)
- Diekirch (Lëtzebuerg)
- Dimix (Däitschland)
- Dommelsch (Holland)
- Double Deer (China)
- Franziskaner (Däitschland)
- Gilde Ratskeller (Däitschland)
- Haake-Beek (Däitschland)
- Hasseröder (Däitschland)
- Hertog Jan (Holland)
- Hougaerdse Das (Belsch)
- Jelen Pivo (Serbien-Montenegro)
- Jingling (China)
- Jinlongquan (China)
- Julius (Belsch)
- Jupiler (Belsch)
- KK (China)
- Kamenitza (Bulgarien)
- Klinkskoye (Russland)
- Kokanee (Kanada)
- La Bécasse (Frankräich)
- LaBatt (Kanada)
- Liber (Brasilien)
- Löwenbräu (Däitschland)
- Mousel (Lëtzebuerg)
- Nik (Serbien-Montenegro)
- Noroc (Rumänien)
- OB (Südkorea)
- Oranjebom (Holland)
- Ozujsko Pivo (Kroatien)
- Permskoye Gubernskoye (Russland)
- Piedboeuf (Belsch)
- Red Shiliang (China)
- Rifey (Russland)
- Rock Green Light (Amerika)
- Rogan (Ukraine)
- Rolling Rock (Amerika)
- Safir (Belsch)
- Santai (China)
- Sibirskaya Korona (Russland)
- Skol (Brasilien)
- Spaten (Däitschland)
- St.Pauli Girl (Amerika)
- Taller (Ukraine)
- Tennent's (Vereenegt Kinnkräich)
- Tolstiak (Russland)
- Tomislav (Kroation)
- Vieux Temps (Belsch)
- Wolters (Däitschland)
- Yali (China)
- Yantar (Ukraine)
- Zizhulin (China)
- Zhujiang (China)
| Commons: Anheuser–Busch InBev – Biller, Videoen oder Audiodateien |
