Anise Koltz
D'Anise Koltz (Meederchersnumm Blanpain), gebuer den 12. Juni 1928 zu Eech, ass eng lëtzebuergesch[1] Schrëftstellerin.
Inhaltsverzeechnes |
Allgemenges[änneren]
D'Anise Koltz huet hire Lycée tëscht 1940 an 1947 gemaach.
Si war Grënnerin an Organisatrice vun de Munnerefer Dichterdeeg, déi vun 1963 bis 1974 a vun 1995-2001 lëtzebuergesch an auslännesch Auteuren, virun allem däitscher a franséischer, zu Munneref zesummebruecht hunn.
Vun 1972 bis 1975 war d'Anise Koltz Bibliothekarin an der Thomas-Mann-Bibliothéik[2], déi lëtzebuergesch Filial vum Goethe-Institut.
D'Anise Koltz lieft zu Lëtzebuerg. Si war bestuet mat dem René Koltz. Si ass d'Mamm vum Jean Luc Koltz a d'Groussmamm vum Beryl Koltz.
D'Anise Koltz ass Member vu:
- Institut grand-ducal, section des arts et des lettres;
- Académie Mallarmé, Paräis;
- Pen Club, Belsch;
- Académie européenne de poésie (Éierepresidentin).
Der Anise Koltz hir Sprooch(en)[änneren]
D'Besatzungszäit huet et mat sech bruecht, datt d'Anise Koltz sech als Schülerin huet misse méi intensiv mat der däitscher Sprooch a Literatur befaassen. Dohier kënnt et, datt hir éischt Wierker op Däitsch geschriwwe sinn.
1971 stierft hire Mann René Koltz un de Folge vun de Folterungen duerch d'Nazien. [Source ?]
Déi zwee Elementer erklären déi schwiereg Relatioun vun der Anise Koltz zur Sprooch, besonnesch zur däitscher Sprooch. Progressiv schreift si ëmmer méi seelen op Däitsch fir an den 1980er Joren déi Sprooch komplett falen ze loossen a just nach op Franséisch ze schreiwen.
Hir Sprooch ass parallel dozou méi schaarf a méi batter ginn, markéiert vu Roserei, déi hiert Wierk doduerch erëm méi no un déi däitsch Literatur bruecht huet [3]. Heiranner läit ouni Zweiwel d'Originalitéit vun hirem Stil, vun deem hei dräi Beispiller presentéiert ginn:
- Beispill 1
Casser le mot comme une noix en extraire le noyau le broyer entre les dents le recracher au poème
- Beispill 2
Je suis Jonas, écrit-elle enfermé dans sa chair se noyant dans son sang
- Beispill 3 [4]
Mon corps est chaud comme le seuil d'une église Quand tu entres en moi la bible divague
Auszeechnungen[änneren]
- 1992 - Prix Jean-Malrieu;
- 1992 - Prix Blaise-Cendrars;
- 1994 - Antonio-Viccaro-Präis fir Chants de refus;
- 1996 - Batty-Weber-Präis;
- 1997 - Rheinlandtaler-Präis vum "Landschaftsverband Rheinland";
- 1998 - Prix Apollinaire fir Le mur du son;
- 2008 - Servais-Präis fir L'ailleurs des mots;
- 2009 - Prix de littérature francophone Jean-Arp fir La lune noircie.
Bibliographie[änneren]
- Die Blumenwiese und andere Märchen. 1953. 32 S. Die kleine Heimat-Bücherei Nr 6. Pierre Linden, Lëtzebuerg. [Die Blumenwiese; Das Märchen von der Geige; Die Tauperle; Die singenden Blumen; Die Legende vom Herbst; Der Knabe und die Seifenblasen]
- Märchen. 1957. 91 S. Pflichtbücher Band 12, Verlag "de Frendeskrés", Sankt-Paulus-Dr., Lëtzebuerg.
- Heimatlos. Gedichte. 1959. Lëtzebuerg. [2007 vertount vum lëtzebuergesche Komponist Pierre Even]
- Der Wolkenschimmel und andere Erzählungen. 1960. 30 S. Die kleine Heimat-Bücherei Nr 13. Pierre Linden, Lëtzebuerg.
- Spuren nach innen. 21 Gedichte. 1960. Zeichnungen von Joseph Probst. Bourg-Bourger, Lëtzebuerg.
- D'Krëschtkënnchen kënnt. 1964. Biller vum Jean an Anise Koltz. Sankt-Paulus Dr., Lëtzebuerg.
- Steine und Vögel. Gedichte. 1964. 45 S. Bechtle Lyrik Band 8. Bechtle Verl., München/Esslingen
- Den Tag vergraben. 1969. 45 S. Bechtle Lyrik Band 19. Bechtle Verl., München.
- Fragmente aus Babylon. Gedichte. 1973. 59 S. Delp'sche Verlagsbuchhandlung, München.
- De Clown. 1975. Lëtzeburger Kannerbuch geschriwwen a gemoolt vum Anise Koltz. Impr. Kremer-Müller, Esch-Uelzecht.
- Le jour inventé. 1975. 62 p. Ill. de Hap Grieshaber. Coll. Poésie sans frontière. Librairie Saint-Germain-des-Près, Paris.
- Ailes de couteau. Poèmes inédits. 1978. 34 S. Couverture par Anna Recker. Éditions du centre culturel, Déifferdeng.
- Le temps passe. Texte inédit. 1978. Avec une eau forte de Léon Zack. Club 80 / Éditions d'art, Ierpeldeng.
- La terre monte. 1980. Pierre Belfond, Paris.
- Sich der Stille hingeben. Französisch und deutsch. 1983. 71 S. Horst Heiderhoff Verlag, Waldbrunn.
- Chants de refus. Poèmes. 1993. 106 p. Mat Zeechnunge vum Marta Pan. 110 p. Coll. graphiti n°2. Éditions Phi, Echternach. Rapid Press, Luxembourg. ISBN 2-87962-023-6.
- Chants de refus II. Poèmes. 1995. 103 p. Dessins de Joseph Probst. Coll. graphiti n°8. Éditions Phi, Echternach. Rapid Press, Luxembourg.
- La terre se tait. Poèmes. 1999. 112 p. Coll. graphiti n°23. Éditions Phi, Echternach.
- Le cri de l'épervier. Poèmes. 2000. 109 p. Coll. graphiti n°34. Éditions Phi, Echternach. Écrits des forges, Trois-Rivières, Québec.
- Le porteur d'ombre. Poèmes. 2001. 117 p. Coll. graphiti n°42. Éditions Phi, Echternach. Écrits des forges, Trois-Rivières, Québec.
- Béni soit le serpent. Poèmes. 2004. 127 p. Coll. graphiti n°57. Éditions Phi, Esch/Alzette. Écrits des forges, Trois-Rivières, Québec. Polyprint, Esch/Alzette.
- L'ailleurs des mots. Poésie. 2007. 105 p. Collection Cahiers d'Arfuyen n° 166, Éditions Arfuyen. ISBN 9782845900998.
- La lune noircie. Poésie. 2009. 106 p. Collection Cahiers d'Arfuyen n° 181. Éditions Arfuyen. ISBN 978-2-845-90133-9.
- La muraille de l'alphabet, Editions Phi
Literatur[änneren]
- Weins, Alain, 1998. Kann Poesie die Welt verändern. Die Geschichte der Mondorfer Dichtertage. Éditions Phi & Centre national de littérature.
Referenzen[änneren]
- ↑ Bei hirer Gebuert hat d'Anise Blanpain déi belsch Nationalitéit.
- ↑ D'Thomas-Mann-Bibliothéik ass am Joer 2003 am Institut Pierre-Werner opgaangen.
- ↑ Cf. http://www.librairiewb.com/enrayons/litterature/poesie09.html
- ↑ Aus: Chants de refus, 1993. Dëst Wierk gouf a folgend Sproochen iwwersat: Italienesch, Portugisesch, Mazedonesch, Rumänesch an Englesch.