Anna selbdritt

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Anna selbdritt, Glasmolerei, Kölner Atelier, 1510–1530, Wilhelm-Hack-Musée

Mat Anna selbdritt gëtt an der chrëschtlecher Konscht eng Duerstellung vun der helleger Anna mat hirer Duechter Maria an dem Jesuskand genannt.

Den Ausdrock selbdritt ass en aalt Wuert fir "als Deel vun enger Dräiergrupp" oder och "zu drëtt".

Well an de Bibeltexter bei der Maria keng Elteren ernimmt ginn, hu sech d'Kënschtler op Apokryph Evangelien an um Jacobus de Voragine seng Hellegelegendesammlung Legenda aurea gestäipt.

Zu Lëtzebuerg fënnt een Anna selbdritt Skulpturen z. B. an de Kierche vu Schwéidsbengen a Wellesteen, an der Fassad vum Haus Ënnert de Stäiler an der Stad Lëtzebuerg, an eng Molerei als Predella um Héichtaltor an der Kierch zu Alschent.

Eng weltbekannt Duerstellung ass d'Uelegbild Muttergottes, d'Jesuskand an déi helleg Anna vum Leonardo da Vinci.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Anna selbdritt – Biller, Videoen oder Audiodateien