Anne Frank

Vu Wikipedia
Anne Frank
Gebuertsnumm Annelies Marie Frank
Gebuer 12. Juni 1929
Frankfurt am Main
Gestuerwen Februar 1945
Doudesursaach Typhus
Nationalitéit Däitscht Räich 1933–1945, apatride, Weimarer Republik
Aktivitéit Diarist, Schrëftsteller
Prinsengracht 263, wou sech d'Famill am Hannerhaus verstoppt hat
KZ-Monument Bergen-Belsen
Statu zu Amsterdam virun der Westerkerk
D'Anne Frankhuis op der Prinsengracht zu Amsterdam

D'Annelies Marie Frank, meeschtens ofgekierzt Anne Frank, gebuer den 12. Juni 1929 zu Frankfurt am Main, a gestuerwen Ufank Mäerz 1945 am KZ Bergen-Belsen, war en däitscht jiddescht Meedchen, dat am Zweete Weltkrich am hollänneschen Exil seng däitsch Nationalitéit verluer huet a kuerz virum Enn vum Krich en Affer vum nationalsozialisteschen Holocaust ginn ass. Virdrun hat et sech mat senger Famill am Hannerhaus vun engem Gebai zu Amsterdam verstoppt, wou et seng Erliefnesser an Iwwerleeungen an engem "Tagebuch" veréiwegt huet.

Dat nom Krich vu sengem Papp Otto Frank publizéiert Tagebuch vun der Anne Frank gëtt haut als historescht Dokument aus der Holocaust-Zäit a seng Autrice als Symbolfigur fir all Affer vun der Vernichtungspolitik vun den Nationalsozialisten ugekuckt.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Seng Kandheet[änneren | Quelltext änneren]

D'Anne Frank gouf den 12. Juni 1929 als zweet Duechter vum Otto Frank an der Edith Frank, geb. Holländer, zu Frankfurt am Main gebuer. D'Famill huet an enger assimiléierter Communautéit vu Judden, Katholicken a Protestante gelieft. An dëser Atmosphär ass d'Anne Frank och opgewuess. D'Frank-Famill ware Reformjudden, déi vill jiddesch Traditioune respektéiert hunn, mä nëmme wéineg praktizéiert hunn. De Papp, e fréieren Offizéier an duerno Geschäftsmann, hat eng grouss Bibliothéik an huet sech vill mat senge Kanner ofginn. Wéi d'Nationalsozialisten 1933 an Däitschland un d'Rudder komm sinn, koum et gläich zu Frankfurt zu antisemitteschen Demonstratiounen, an de Papp huet am viraus grouss Problemer op seng Famill zoukomme gesinn. D'Famill huet lues a lues geplangt, d'Land ze verloossen, fir sech a Sécherheet ze bréngen. Nodeem d'Mamm an d'Kanner kuerz zu Oochen gelieft haten, huet de Papp vu senger Firma Opekta 1933 den Optrag kritt, fir zu Amsterdam eng Filial opzemaachen.

Am Exil zu Amsterdam[änneren | Quelltext änneren]

D'Mamm, Edith, an hir zwee Meedercher koumen am Februar 1934 op Amsterdam no an hunn an engem Familljenhaus fir méi Stéit op der Merwedeplein 37 am neie Staddeel Rivierenbuurt gewunnt, do wou vill Judden aus Däitschland eng nei Heemecht gesicht hunn. D'Anne huet do seng Fäegkeeten am Liesen a Schreiwen entwéckelt.

De Misär fir d'Famill gouf méi grouss,wéi d'Nationalsozialisten 1940 an Holland ageréckt sinn, an d'Verfollgung vun de Judden och do weidergefouert ginn ass.

Verstoppt am Hannerhaus[änneren | Quelltext änneren]

Den Otto Frank hat am hënneschten Deel vum Gebai, dat vu senger Firma an der Prinsengracht 263 benotzt gouf, eng Stopp fir all méiglech Fäll ageriicht. Et war onopfälleg an den Zougang war duerch e Bichergestell verdeckt. Dës Stopp louch an der onmëttelbarer Noperschaft vun der bekannter Westerkerk, e Gebai dat d'Anne Frank vu senger Stopp aus konnt gesinn an a sengem Tagebuch och beschriwwen huet.

De Misär fir d'Famill huet sech zougespëtzt, wéi d'Margot Frank, dem Anne seng Schwëster, am Juli 1942 en Opruff kritt huet fir sech fir seng Deportatioun an en Aarbechtslager ze mellen. Wier et deem Opruff nämlech net nokomm, hätt dat onmëttelbar Konequenze fir d'ganz Famill gehat. Dofir huet sech d'ganz Famill de 6. Juli an den Ënnergronn zeréckgezunn.

An deem Zesummenhank sollt net vergiess ginn, drop hinzeweisen, datt den 12. Juni 1942, den Dag, wéi d'Anne Frank dräizéng Joer al ginn ass, hatt fir säi Geburtsdag e rout-wäiss karéiert Tagebuch geschenkt krut an nach de selwechten Dag ugefaangen hat, seng Erliefnesser an Impressiounen op Hollännesch an deem Heft festzehalen.

D'Hoffnunge vun der Famill Frank, fir geschwënn erëm fräizekommen, hu sech net erfëllt. Si hunn do recht a schlecht mat grousse Spannunge gelieft. D'Hëllef, déi si bei villen Hollänner fonnt huet, huet nom Krich eng grouss Unerkennung fonnt. D'Anne Frank huet an der Stopp vill Bicher gelies, wat him a senger schrëftstellerescher Tätegkeet ze gutt koum.

Verroden[änneren | Quelltext änneren]

Fest steet, datt d'Verstopp verrode gouf. Munnecheree gouf verdächtegt, mä wien et war steet och haut nach net eendeiteg fest. De 4. August 1944 ass d'Gestapo am Haus an der Prinsengracht opgedaucht, nodeem se duerch en Uruff iwwer d'Stopp vu Judden informéiert gi war.

Doud am KZ[änneren | Quelltext änneren]

No der Internéierung vun der Famill Frank, an deenen déi hinne gehollef haten, an Tëschelageren, sinn d'Prisonéier Ufank Dezember 1944 am KZ Auschwitz-Birkenau ukomm. D'Edith, dem Anne seng Mamm, ass do un Honger verscheet.

Well déi Alliéiert ëmmer méi no komm sinn, hunn d'Nazie sech entschloss, 1308 Frae vu Birkenau nom KZ Bergen-Belsen z'iwwerféieren. Dunn ass am Januar 1945 och nach eng Typhus-Epidemie do ausgebrach, déi d'Margot, dem Anne seng Schwëster, matewechgeholl huet. E puer Deeg méi spéit war och d'Anne dout.

Den Otto Frank war deen Eenzege vun deenen am Hannergebai verstoppte Judden deen de Krich iwwerlieft huet. No der Befreiung vum KZ Auschwitz-Birkenau duerch déi Rout Arméi, de 27. Januar 1945, huet e bis 1953 zu Amsterdam gewunnt. Duerno ass hien an d'Schwäiz geplënnert. Bis zu sengem Doud, den 19. August 1980, huet hie sech mat der Verbreedung vun de Memoirë vu senger Duechter Anne beschäftegt. Den Orinaltext vun dësem Text war nämlech vu senger Sekretärin Miep Gies, déi mat am Bond war, bei der Verhaftung duerch d'Gestapo, séchergestallt ginn.

Anne-Frank-Haus[änneren | Quelltext änneren]

Den 3. Mee 1957 huet eng Grupp ëm den Otto Frank d'Anne Frank Foundation gegrënnt, fir d'Haus an der Prinsengracht 263 virum Verfall zu retten an et dem Public zougänglech zu maachen. De Musée an den Dokumentationszentrum am Anne-Frank-Haus sinn den 3. Mee 1960 opgaangen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anne Frank et al. Geschichten und Ereignisse aus dem Hinterhaus. Frankfurt/M. Fischer 2002, ISBN 3-596-15777-3.
  • Miep Gies. Meine Zeit mit Anne Frank. Basel: Scherz 1987, ISBN 3-502-18266-3.
  • Willy Lindwer. Anne Frank, Die letzten sieben Monate. Frankfurt/M.: Fischer 2000, ISBN 3-596-11616-3.
  • Jacqueline van Maarsen. Ich heiße Anne, sagte sie, Anne Frank. Frankfurt/M.: Fischer 2004, ISBN 3-10-048822-9.
  • Alison L. Gold. Erinnerungen an Anne Frank. Ravensburger Buchverlag 2000, ISBN 3-473-58142-9.
  • Melissa Müller. Das Mädchen Anne Frank. Die Biographie. Claassen 1998, ISBN 3-546-00151-6.
  • David Barnouw. Anne Frank. Econ, ISBN 3-612-26620-9.
  • Carol Ann Lee. Anne Frank. Die Biographie. München: Piper 2000, ISBN 3-492-04152-3.
  • Carol Ann Lee. The hidden life of Otto Frank William Morrow 2003, ISBN 0-06-052083-3.
  • In Anne Franks Haus. Eine bebilderte Reise durch Annes Welt Anne Frank Stichting (Hrsg.), Amsterdam. Fischer, Frankfurt 2004, ISBN 3-10-076715-2.
  • Jürgen Steen, Wolf von Wolzogen: Anne aus Frankfurt. Leben und Lebenswelt Anne Franks. Frankfurt/M.: Historisches Museum 1990.
  • Marion Siems: Anne Frank Tagebuch. Erläuterungen und Dokumente Stuttgart: Reclam 2003, ISBN 3-15-016039-1.
  • Matthias Heyl: Anne Frank Reinbek: Rowohlt TB 2002 (rm 50524), ISBN 3-499-50524-X.
  • Anne Frank Haus: Ein Museum mit einer Geschichte Amsterdam: Anne Frank Stichting 2002, ISBN 90-72972-56-2.
  • Anne Frank Stiftung, Amsterdam. Ruud van der Rol & Rian Verhoeven: Anne Frank Hamburg: Oetinger 1993, ISBN 3-7891-7600-1.
  • Ernst Schnabel: Anne Frank. Spur eines Kindes. Frankfurt/M.: Fischer 1958, ISBN 3-596-25089-7.
  • Menno Metselaar, Ruud van der Rol: Die Geschichte der Anne Frank Anne Frank Stichting, Amsterdam 2004, ISBN 90-72972-84-8.
  • Barbara Honigmann: Das Gesicht wiederfinden. Über Schreiben, Schriftsteller und Judentum. Essays Hanser, München 2006, ISBN 3-446-20681-7 ISBN.978-3-446-20681-6 (Reihe: Edition Akzente) (über Anne Frank, Rahel Varnhagen, Glückel von Hameln im Vergleich, u. a.; über die Änderungen am Tagebuch durch den Hg. Otto Frank)
  • Robert M. W. Kempner: Edith Stein und Anne Frank. Zwei von Hunderttausend. Die Enthüllungen über die NS-Verbrechen in Holland vor dem Schwurgericht in München. Die Ermordung der »nichtarischen« Mönche und Nonnen, Freiburg 1968. DNB

Verfilmung[änneren | Quelltext änneren]

  • Seng Geschicht ass 2001 och verfilmt ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]