Anneliese Rothenberger
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Anneliese Rothenberger, gebuer den 19. Juni 1926 zu Mannheim de 24. Mee 2010 zu Münsterlingen, war eng däitsch Sopransängerin, déi an Däitschland an an Éisträich bekannt war fir hir Optrëtter an Operen an Operetten.
Si huet ë.a. an der Wiener Staatsoper, op de Salzburger Festspiller, an der Scala zu Mailand an der Metropolitan Opera zu New York gesongen. Ausserdeem hat si reegelméisseg Emissiounen op der däitscher Tele an hat Rollen an deen engem oder anere Film.
1972 huet se hir Autobiographie publizéiert mam Titel Melodie meines Lebens.