Annette Schwall-Lacroix
Annette Schwall-Lacroix | |
---|---|
Gebuer | 16. Juli 1927 |
Gestuerwen | 17. Mäerz 2013 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Affekot |
D'Annette Schwall-Lacroix, gebuer de 16. Juli 1927 an der Stad Lëtzebuerg, gestuerwen de 17. Mäerz 2013[1], war eng lëtzebuergesch Juristin an Affekotin.
Liewen[änneren | Quelltext änneren]
Der Annette Schwall-Lacroix hire Grousspapp war de Léandre Lacroix. Si war mam Jurist a Riichter Georges Schwall bestuet.
Si huet nom Krich zu Lëtzebuerg a Paräis Droit studéiert a gouf Affekotin. Mat anere Juristinnen huet si sech dofir agesat, datt d'Fraen zu Lëtzebuerg virum Gesetz net méi als onmëndeg sollte gëllen, wa se bestuet wieren: Bis d'Enn vun den 1960er Joren hu bestuete Fraen z. B. d'Autorisatioun vun hirem Mann gebraucht, fir kënnen e Bankkonto opzemaachen oder schaffen ze goen, an de Mann konnt, wann e wollt, hir Pai anzéien.[2] Op hiren Afloss hi gouf d'Gesetz iwwer d'Bestietnes ufanks der 1970er Joren ofgeännert.
Den 21. Juli 1975 gouf d'Annette Schwall-Lacroix, als éischt Fra, als Member vum Lëtzebuerger Staatsrot nominéiert. Si huet dat Amt bis de 16. Juli 1999 ausgeféiert, wéi si d'Altersgrenz erreecht huet.[3]
D'Annette Schwall-Lacroix war Matgrënnerin vun der Fédération nationale des femmes luxembourgeoises a Member vun der Fédération luxembourgeoise des femmes universitaires, déi s'am Conseil national des femmes vertrueden huet.
Si war ausserdeem Presidentin vum Cercle des amis de Colpach.[2] An där Funktioun war si och an der Jury vun der éischter Editioun vum Prix Émile et Aline Mayrisch.
2008 gouf si mam Prix Anne Beffort vun der Stad Lëtzebuerg ausgezeechent.[2]
De 16. Mee 2017 huet de Stater Gemengerot decidéiert, eng nei Strooss zu Märel no hir ze nennen.[4] Och zu Stengefort gëtt et eng Strooss déi no hir benannt ass.[5]
Gielercher[änneren | Quelltext änneren]
- Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1996)[6]
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Romain Durlet, Porträt einer aussergewöhnlichen Frau - Annette Schwall-Lacroix: Vorkämpferin für Frauenrechte ; in: Tageblatt, Ausgab vum 5. Mäerz 2009 (Nr. 54).
- Luxemburger Wort Nr. 67 vum 20. Mäerz 2013: S. 4: Annette Schwall-Lacroix † a S. 67: Doudesannonce
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Annette Schwall-Lacroix – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Roger Infalt, "Vorkämpferin für Frauenrechte"; in: Tageblatt, Ausgab vum 19. Mäerz 2013
- ↑ 2,0 2,1 2,2 "Annette Schwall-Lacroix erhält Prix Anne Beffort" op CID Femmes.
- ↑ Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
- ↑ op archives-vdl.findbuch.net
- ↑ Steinfort: Rue Annette Schwall-Lacroix. map.geoportail.lu. Gekuckt de(n) 2020-07-16.
- ↑ Memorial B n° 50 vun 1996 mat der Lëscht vun de Leit déi 1996 eng national Auszeechnung kritt hunn