Annette Thoma

Vu Wikipedia
Annette Thoma
Gebuer 23. Januar 1886
Ulm
Gestuerwen 26. November 1974
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Komponist

D'Annette Thoma vu Riedering an Uewerbayern, gebuer 1886, a gestuerwen 1974, huet sech mat der Fleeg vum geeschtleche Vollekslidd beschäftegt a gouf virun allem bekannt duerch hiert Wierk "Deutsche Bauernmesse".

D'Deutsche Bauernmesse mat dem Andachtsjodler gouf fir d'éischt de 24. September 1933 an der Parkierch vu Großkarolinenfeld opgefouert. Dat Wierk huet eng relativ grouss Verbreedung fonnt an huet zur Renaissance vum geeschtleche Vollekslidd a Bayern gefouert.

D'Annette Thoma huet a Saache bayerescht Vollekslidd enk mam Kiem Pauli zesummegeschafft.

Hir Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Deutsche Bauernmesse
  • Das Volkslied in Altbayern und seine Sänger. München, 1952
  • Wittelsbach. Schongau, 1954
  • Franz von Sales und Johanna Franziska von Chantal. München, 1960
  • Die kleine Messe. München, 1972
  • Passions- und Osterlieder aus dem bairisch-alpenländlischen Raum. Bayerischer Landesverein für Heimatpflege. München, 1973
  • Bei uns. Rosenheim, 1974
  • In Nacht und Dunkel. München, 1975
  • mam Rubenberger Sepp: Marienkantate. München, 1979