Annuaire de la Ville d'Echternach

Vu Wikipedia
Deckelsäit vum éischten Annuaire (1995)

Den Annuaire de la Ville d'Echternach - Jahrbuch der Stadt Echternach - Jaouerbouch voan der Stad Eechternoach ass e Joerbuch, dat vun der Stad Iechternach publizéiert gëtt. Déi éischt véier Bänn (1995-1999) koumen ënner der Leedung vum Konselljee respektiv Buergermeeschter Jos Massard eraus, de 5. Band (2001) ënner der Verantwortung vum deemolegen 2. Schäffen Michel Kneip. No laanger Ënnerbriechung koum am Mee 2023 de 6. Band eraus. [1]

  • Band 1: 1995 (Joer 1994)
  • Band 2: 1996 (Joer 1995)
  • Band 3: 1997 (Joer 1996)
  • Band 4: 1999 (Joren 1997-1998)
  • Band 5: 2001 (Joren 1999-2000)
  • Band 6: 2023 (Joren 2020-2022)

Nieft der Chronik vun der Gemeng an de Veräiner publizéiert den Annuaire historesch, literaresch, naturwëssenschaftlech asw. Artikelen.

Auteure si bzw. waren ë. a.: Frank Wilhelm, Pierre Kauthen, Jean Schroeder, Jos Massard, Théophile Walin, André Grisse, Paul Spang, Henri Trauffler, Pierre Lech, Peter Neu, Al. Steinmetz, Änder Hatz, Robi Gottlieb, Mady Schaffner, Georges Theves, Fred Karen, Gérard Wohl, Jhemp Biver, Paul Schwebag, Marcel Lorenz, Peter Göbel, Emile Erpelding, Jean Malget, Henri Wagener, Jos Scheuer, Georges Calteux, Pol Schiltz, Rainer Neu, Michel Summer.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Veröffentlichung Annuaire de la Ville d'Echternach – 2020 bis 2022. In: Eechternoacher Gemäneblatt 06/2023, S. 6.]