Anouk Aimée

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Anouk Aimée

D'Anouk Aimée (Françoise Dreyfus) ass eng franséisch Filmschauspillerin. Si ass den 27. Abrëll 1932 zu Paräis gebuer.

Si huet Schauspill an Danz studéiert.

1946 huet si hir Carrière beim Film ugefaangen. Si huet a Filmer vu ganz grousse Regisseuren matgewierkt, ewéi : Federico Fellini, Vittorio de Sica, George Cukor, Robert Altman a Jacques Becker.

Eng vun hire schéinste Rollen huet si am Film Lola vum Jacques Demy gespillt.

Si hat och d'Haaptroll am Claude Lelouch sengem groussen Erfolleg Un Homme et une femme.


[änneren] Filmographie (Auswiel)

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen