Ansegisel

Vu Wikipedia

Den Ansegisel, och Ansegisal, Ansegise, Anchise, Ansguise, gebuer géint 610; gestuerwen no 657, mä viru 679, war e Jong vum Bëschof Arnulf vu Metz.

Den Ansegisel huet d'Begga bestuet, déi d'Duechter vum austreschen Hausmeier Pippin dem Eelere war. Domat huet hien d'Muecht an de Räichtum vu senger Famill, d'Arnulfinger, matg där vu senger Fra, de Pippiniden, vereenegt.

Den Ansegisel an d'Begga haten ee Jong de Pippin de Mëttelsten, deen d'Muecht vun de Merowenger faktesch iwwerholl huet ier deem säi Kandskand, de Pippin de Jonken de Kinnekstitel iwwerdroe krut.

No dem Karl Martell, dem Kandskand vum Ansegisel an der Begga, gëtt d'Famill da Karolenger genannt.

Den Ansegisel gouf vu senge Feinden erschloen. Wou e begruewen ass, ass net bekannt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]