Ansumane Mané

Vu Wikipedia
Ansumane Mané
Gebuer 1940
Gestuerwen 30. November 2000
Biombo
Doudesursaach am Asaz gefall
Nationalitéit Guinea-Bissau
Aktivitéit Offizéier, Politiker

Den Ansumane Mané, ëm 1940 gebuer an den 30. November 2000 gestuerwen, war e Generol vu Guinea-Bissau, deen 1998 d'Revolutioun géint d'Regierung vum deemolege President João Bernardo Vieira ugeféiert huet.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

De Mané huet am Onofhängekeetskrich vu Guinea-Bissau zesumme mam Vieira géint d'Kolonialmuecht Portugal gekämpft. Hien huet de Vieira och ënnerstëtzt wéi deen 1980 duerch ePutsch un d'Spëtzt vum Land komm ass.

Ufank 1998 gouf de Mané awer als Chef vum État-major vun der Arméi suspendéiert, wëll him virgeworf gouf, heemlech de Rebellen an der Casamance-Regioun am Senegal Waffen ze liwweren.[1] An engem Bréif, deen am Abrëll vum selwechte Joer verëffentlecht gouf, huet hien déi Virwërf un de Verdeedegungsminister Samba Lamine Mané an aner Offizéier gemaach; hien huet och behaapt, datt de Vieira dëse Waffeschmuggel erlaabt hätt, an datt hien nëmme suspendéiert gi wier als Virwand fir e Coup d'Etat z'organiséieren.

Doropshin ass de Mané vum Vieira entlooss ginn an de 6. Juni 1998 duerch de Generol Humberto Gomes ersat ginn. Den Dag drop huet hien eng Militärrebellioun géint de Vieira ugefouert, déi zu engem Biergerkrich gefouert huet.[2] Am November 1998 huet een Friddensofkommen, eng provisoresch Eenheetsregierung agefouert an nei Walen organiséiert.[3]

Nodeem de Vieira de 7. Mee 1999 no neie Gefechter ofgesat gouf[4], ass de Mané als Chef vun der Militärjunta fir siwen Deeg laang provisoreche Staatschef gewiescht. De 14. Mee ass de Malam Bacai Sanhá als Iwwergangspresident vereedegt ginn.

Wärend dëser Iwwergangsphase ass d'Militärjunta vum Mané a Kraaft bliwwe bis zu den nächste Walen. D'Parlamentswalen, zesumme mam éischten Tour vun de Presidentschaftswalen, sinn den 28. November 1999 ofgehale ginn. Obwuel d'Junta de Sanhá vum Partido Africano da Independência da Guiné e Cabo Verde (PAIGC) ënnerstëtzt huet, huet beim zweeten Tour vun de Walen am Januar 2000 de Kumba Ialá vum Partido para a Renovação Social gewonnen. Virun de Walen hat den Ialá gesot, et wier net acceptabel datt d'Militäjunta ënner iergendenger Form kéint weider existéieren.

Obwuel d'Junta den Dag nom Ialá senger Victoire opgeléist ginn ass, ass de Mané e mächtege Mann am Land bliwwen, dee probéiert huet, dem Ialá seng Autoritéit a Fro ze stellen. Hien huet dem President ënner anerem eng Staatsvisitt am Senegal verbueden, an ass mat him zesummen op eng Staatsvisitt an Nigeria gaangen. Am November 2000 huet den Ialá eng Rei Arméioffiéier befërdert. De Mané war géint dësen Akt an huet sech selwer zum Chef vun der Arméi erkläert. Hien huet dem Ialá seng Promotiounen zeréckgezunn an de Chef vum État-major vun der Arméi, de Verissimo Correia Seabra a säin Adjoint den Emilio Costa ënner Hausarrest gesat. De Mané huet de Generol Buota Nan Batcha als neie Chef d'État-major designéiert an an engem Communiqué behaapt, d'Situatioun wier ënner Kontroll. Hien huet dee Communiqué als Chef vun der Militärjunta ënnerschriwwen, déi awer virdrun schonn opgeléist gi war.

Dat huet den 23. November nei Gefechter tëscht deenen Truppen, déi dem Mané trei waren, an deenen, déi dem Seabra trei waren, ausgeléist.[5]

De Mané koum den 30. November 2000 mat zwou anere Persounen an der Regioun Biombo am Weste vum Land an enger Schéisserei mat Regierungstruppen ëm d'Liewen.[6]

D'Oppositiounspartei PAIGC huet erkläert, datt de Mané Recht hat, dem Ialá seng Befërderungen ze kontestéieren.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.africa.upenn.edu/Newsletters/irinw181.html University of Pennsylvania - African Studies Center Newsletter
  2. http://www.africa.upenn.edu/Newsletters/irinw6898.html University of Pennsylvania - African Studies Center Newsletter
  3. http://www.irinnews.org/report.aspx?reportid=6505 irinnews.org: GUINEA BISSAU: Loyalist troops capitulate
  4. http://news.bbc.co.uk/2/hi/africa/337853.stm BBC: Guinea-Bissau palace ablaze
  5. http://www.irinnews.org/report.aspx?reportid=1317 irinnews.org: GUINEA-BISSAU: Focus on new source of instability
  6. http://www.irinnews.org/report.aspx?reportid=1136 irinnews.org: GUINEA-BISSAU: Former military strongman shot dead, reports say