Antônio Carlos Jobim

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Antônio Carlos ("Tom") Jobim, gebuer de 25. Januar 1927 zu Tijuca, Rio de Janeiro a gestuerwen den 8. Dezember 1994 zu New York, war e brasilianesche Komponist a Museker. Hie war ee vun den Haaptleit vum Bossa nova-Stil a gouf als Gershwin vun der Latäinamerikanescher Musek ugesinn.

Hien huet iwwer 40 Stécker komposéiert, vun denen op d'mannst d'Hallschecht zu de Standarde vun der brasilianescher Musek zielen. Säi bekannste Stéck ass Garota de Ipanema oder The Girl from Ipanema, mam Text vum Vinicius de Moraes, dat och der Astrud Gilberto hir Carrière lancéiert huet. Eleng dovunner ginn et onzieleg Cover-Versiounen, an d'Stéck gëtt heiansdo als déi "Elevator music" schlechthin genannt.

De Jobim ass zu New York wärned enger Häerzoperatioun gestuerwen a krut a Brasilien e Staatsbegriefnis. De Fluchhafe vu Rio ass haut no him benannt.

Bekanntste Kompositiounen [änneren]

  • "Garota de Ipanema" ("The Girl from Ipanema")
  • "Samba de uma nota só" ("One Note Samba")
  • "Insensatez" ("How Insensitive")
  • "Desafinado"
  • "Chega de saudade"
  • "Triste"
  • "Fotografia"
  • "Águas de março"
  • "A Felicidade" an "O nosso amor" (béid aus dem Film Orfeo Negro)
  • "Corcovado"
  • "Meditação"
  • "Wave"

Um Spaweck [änneren]