Antenne Luxembourg

Vu Wikipedia

Antenne Luxembourg war en Televisiounsprogramm an däitscher Sprooch, dee vun der Antenne West GmbH & Co. KG vun Tréier produzéiert an zu Lëtzebuerg digital iwwer d'Kabelnetzer vun der Eltrona a vu Coditel zanter Dezember 2007 ausgestraalt gouf.

Ufanks bestoung de Programm aus enger "Morning Show" vun 3 Stonnen an engem Magazin vun enger Stonn, owes um 7 Auer.

No finanzielle Problemer vun der Antenne West gouf 2009 opgehale mat Senden.