Anthony E. Zuiker

Vu Wikipedia

Den Anthony E. Zuiker, gebuer de 17. August 1968 zu Blue Island, Illinois, USA ass en US-amerikaneschen Dréibuchauteur a Produzent.

Bekannt gouf hien duerch d'Iddi fir eng Televisiounserie, déi et an dräi Formater gëtt: CSI: Crime Scene Investigation, CSI: Miami an CSI: New York. Bei allen dräi Serien ass hie Produzent, zesumme mam Jerry Bruckheimer, an deelweis och Auteur.

Hien huet op der University of Nevada, Las Vegas studéiert an huet mat senger Fra Jennifer dräi Kanner.

Fir CSI: Crime Scene Investigation war hie schonn dräimol fir den Emmy nominéiert.

1999 huet hien als Auteur bei The Runner matgeschafft an 2007 bei der Televisiounsproduktioun The Man.