Antiklerikalismus

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Antiklerikalismus ass a Reliounsgemeinschaften eng Positioun vun antielitärer Motivatioun, déi sech géint de Klerus riicht. Am Chrëschtentum, virun allem am evangeleschen a reformatoresche baséiert sou eng Positioun heefeg op Argumentatiounen, déi sech op d'Paschtouertum vun alle Gleewege beruffen1.

Baussent de Reliounsgemeinschafte riicht sech den Antiklerikalismus géint de Klerus als Stellvertrieder vun der gesamter Reliounsgemeinschaft, zu där hie gehéiert, bzw. hirem Bekenntnis. Sou fënnt een an der Franséischer Revolutioun en Antiklerikalismus dee mat de Vetrieder vum Éischten an Zweete Stand de Prinzip vun der Stänneruerdnung selwer ugegraff huet. Dëse Prinzip gouf politesch mat den Ziler vun der kathoulescher Kierch identifizéiert.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Silke Tammen, Manifestationen von Antiklerikalismus in der Kunst des Mittelalters, Afra-Verlag, 1993. (ISBN 3-923217-60-9)

Notizen a Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

1: Vgl. Ex 19,6; 1 Petr 2,9f.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]