Antilope-Canyon

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Hiel am Antilope-Canyon

Den ënneschten an den ieweschten Antilope-Canyon sinn zwéi kleng Canyons net wäit ewech vu Page am Coconino County am US-Staat Arizona.

USA-Kaart mam USA-Antilope-Canyon

Den Terrain mat de Canyons leien an der Navajo Indian Reservation, dem gréisste Reservat vun den nordamerikaneschen Diné-Indianer, och Navaho oder Navajo genannt.

Déi meescht Zäit sinn déi Canyons dréchen, an et kann een doduerch trëppelen. Wa Schliet ugekënnegt sinn, gëtt et do geféierlech. 1007 sinn am ënneschten Antilope-Canyon 11 Touristen erdronk.

Fir Touristen, a besonnesch fir Fotografen ass deen Ieweschten mat enger Längt vu 400 Meter an enger Déift vun iwwer 40 Meter eng Delikatess, well wann d'Mëttessonn an d'Labberänte schéngt, geheien d'Sandformen aussergewéinlech Faarfspiller.

Hiel am Antilope-Canyon