Antiope

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Antiope (oder Antigone) ass an der griichescher Mythologie déi wonnerschéin Duechter vum Kinnek Nykteus vun Theben an der Polyxo. Mat hir huet den Zeus d'Zwillingen Zethos an Amphion kritt.

Dem Antiope seng Reizen hunn awer net nëmmen op de Gëtterkinnek gewierkt, mä och op den Epopeus, de Kinnek vu Sikyon, deen da schliisslech d'Antiope entfouert a vergewaltegt huet (no enger anerer Versioun wousst d'Antiope scho vun der Schwangerschaft an ass fräiwëlleg zum Epopeus geflücht).

An engem Krich deen hire Papp dowéinst géint den Epopeus gefouert huet sinn déi zwéin Herrschere schwéier verwonnt ginn a kuerz drop gestuerw. D'Antiope huet dunn d'Zwillinge gebuer, a well se als Fruucht vun enger Vergewaltegung ugesi gi sinn, sinn se an de Bierger ausgesat ginn.

De Nykteus awer huet op sengem Stierfbett säi Brudder Lykos zum Nofolger a Momper vu senger Duechter bestëmmt. Sou ass d'Antiope an hirem Brudder säin Haus komm. Si hat ënner senger Fra, der gewalttäteger Dirke, ze leiden. D'Dirke huet d'Antiope sou laang gepéngegt bis den Zeus selwer agegraff huet a seng fréier Maîtresse befreit huet.

Op der Flucht an d'Bierger huet d'Antiope dann hir Jongen erëmfonnt, ouni datt si se erkannt huet. Eréischt wou déi schro Dirke d'Antiope ageholl huet a vun de Jonge verlaangt huet hir Mamm (déi si och net erkannt haten) un e Stéier ze bannen an se zu Doud schläifen ze loossen huet den Nykteus agegraff ann de Jongen an der Mamm gesot wat lass war. D'Antiope ass sou gerett ginn, déi béis Dirke ass awer an hirer Plaz un de Stéier gebonne ginn.

Greek deity head icon.png Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.
Commons: Antiope – Biller, Videoen oder Audiodateien