Antoine Kohn

Vu Wikipedia
Antoine Kohn
Gebuer 1. November 1933
Lëtzebuerg
Gestuerwen 24. November 2012
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller, Foussballtrainer
Positioun oder
Spezialitéit
Stiermer
Veräin/Ekipp FC Basel 1893,
Karlsruher SC,
Jeunesse Esch,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp


Den Antoine ("Spitz") Kohn, gebuer den 1. November 1933 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen de 24. November 2012[1], war e lëtzebuergesche Foussballspiller a Foussballtrainer.

Als Spiller huet hie fir d'Jeunesse Esch, Karlsruher SC, FC Basel, Fortuna Geleen, Sportclub Enschede, FC Twente Enschede gespillt.

Tëscht dem 6. Abrëll 1952 an 19. September 1965 huet hien a 15 Matcher fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp 6 Goler geschoss.[2]

Als Trainer war hie bei de Veräiner FC Twente Enschede, Go Ahead Eagles, FC Bruges an als Co-Trainer bei Ajax Amsterdam aktiv. Beim Ajax hat hien den Johan Cruyf als Cheftrainer, deen haut nach als ee vun de stäerksten hollännesche Foussballspiller gëllt.

De Spitz Kohn war spéider hin Trainer vun der Jugendekipp vun Ajax, wou hien notamment déi spéider Foussballstars Clarence Seedorf a Marco van Basten trainéiert huet.

Palmares[änneren | Quelltext änneren]

  • Zweemolege Coupegewënner mam Karlsruher SC (1955,1956)
  • Vizemeeschter an der Bundesliga mam Karlsruher SC (1956)
  • UEFA-Cup Finalist mat Twente Enscheede (1975)
  • Coupegewënner mat Twente Enscheede (1977)
  • Coupefinalist mat Twente Enscheede (1975, 1979)

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. " In Memoriam Spitz Kohn" op der Websäit vun De Telegraaf
  2. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Spitz Kohn op der Websäit vun European Football