Antoine César Becquerel

Vu Wikipedia
Antoine César Becquerel
Gebuer 7. Mäerz 1788
Châtillon-Coligny
Gestuerwen 18. Januar 1878
5. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École polytechnique
Aktivitéit Physiker, Universitéitsprofesser, Ingenieur, Politiker, Chimist
Member vun Royal Society, Académie des sciences, Accademia Nazionale dei Lincei, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, Accademia Nazionale delle Scienze

Den Antoine César Becquerel, gebuer den 8. Mäerz 1788 zu Châtillon-sur-Loing (haut: Châtillon-Coligny), a gestuerwen den 18. Januar 1878 zu Paräis, war e franséische Physiker.

No enger Karriär bei der Arméi gouf hien 1837 Enseignant am Muséum national d'histoire naturelle zu Paräis. 1839 gouf hie President vun der Académie des sciences.

Säi Schwéierpunktthema war d'Elektrochimie an de Magnetismus, an hien huet erfuescht, wéi een a galvaneschen Elementer duerch cheemesch Prozesser Elektrizitéit produzéiere kéint. 1819 huet hien d'Piezoelektrizitéit entdeckt. 1829 huet hien dat éischt konstant Gläichstroum-Element entwéckelt, e Virleefer vum Daniell-Element.

1826 huet hien e méi geneeën Differentialgalvanometer entwéckelt, a seng Analysen am Beräich Thermoelektrizitéit hunn zu der Erfindung vum elektreschen Thermometer gefouert.

Och seng Jonge Louis Alfred an Alexandre Edmond,seng Kandskanner (Antoine) Henri a säin Urenkel Jean ware bedeitend Physiker; den Antoine Henri huet ë a. d'Radioaktivitéit entdeckt an dofir 1903 den Nobelpräis kritt.

Den Antoine César Becquerel ass ee vun de 72 Wëssenschaftler, déi um Eiffeltuerm veréiwegt gofen

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Traité expérimental de l'électricité et du magnétisme, et de leurs rapports avec les phénomènes naturels, 7 Bänn und Atlas, Paris, Didot, 1834-1840
  • Eléments d'électrochimie appliquée aux sciences naturelles et aux arts, Paris, Didot, 1843; auf deutsch: 3. Ed., Erfurt, 1857
  • Traité de physique considérée dans ses rapports avec la chimie et les sciences naturelles, 2 Bände, Paris, Didot, 1842-1844.
  • Traité des engrais inorganiques en général, et du sel marin en particulière, Paris, Didot, 1848
  • Des climats et de l'influence qu'exercent les sols boisés et non boisés, Paris, Didot, 1853
  • Des causes d'altération des métaux, Paris, Didot, 1864
  • Des forces physico-chimiques et de leur intervention dans la production des phénomènes naturels, Paris, Didot, 1875

mat sengem Jong Alexandre Edmond Becquerel:

  • Eléments de physique terrestre et de météorologie, Paris, Didot, 1847
  • Résumé de l'histoire de l'électricité et du magnétisme, et des applications de ces sciences à la chimie, aux sciences naturelles et aux arts, Paris, Didot, 1858
  • Traité d'électricité et de magnétisme et de leurs applications aux sciences physiques, aux arts, à l'industrie, Bd. 1: Électricité, principes généraux, 3 Bände, Paris, Didot, 1855-1856

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Éloge biographique de Antoine César Becquerel, Barral, Paris, 1879

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]