Antoine Darquier de Pellepoix
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Antoine Darquier de Pellepoix, gebuer den 23. November 1718 zu Toulouse a gestuerwen den 18. Januar 1802 zu Toulouse war e franséischen Astronom.
Hien huet a senger Heemechtsstad Toulouse geschafft. Seng Observatiounen, déi hien tëschent 1748 an 1773 gemaach huet, huet hien a sengem Buch Observations Astronomiques faites à Toulouse (Avignon 1777) publizéiert.
Bei der Sich nom Koméit vun 1779 huet hien am Januar de Rankniwwel M57 nëmmen e puer Deeg éischter wéi de Charles Messier entdeckt an e mat engem Planéit verglach.
Tëschent 1791 a 1798 huet den Darquier de Pellepoix e Katalog mat Stärepositiounen opgestallt, dee vum Jérôme Lalande gebraucht gouf, wéi dee säi Stärekatalog gemaach huet, deen 1801 erauskoum.