Antoine Krier

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat mam Gewerkschaftler a Politiker ("Kréiesch Tunn"). Fir de Fotograf, kuckt w.e.g. Tony Krier.

Den Antoine Krier ("Kréiesch Tunn"), gebuer den 21. Abrëll 1897 zu Bouneweg, gestuerwen den 22. September 1983 zu Esch-Uelzecht, war e Lëtzebuerger Gewerkschaftler a Politiker.

Hie war ganz aktiv an der Gewerkschaftsbewegung. Vun 1929 bis 1935 war hie President vun der Lëtzebuerger Aarbechterpartei. Am Zweete Weltkrich ass hie virun den däitsche Besatzer fir d'éischt a Frankräich, dunn an d'Schwäiz, fortgelaf.

Vun 1929 bis 1940, an dann nees vun 1949 bis 1951, war hie Schäffe vun der Stad Esch, vun 1951 bis 1965 Buergermeeschter. Hie war och vun 1948 bis 1965, an dann nees vun 1968 bis 1965 Deputéierten an der Chamber. Nom stënterlechen Doud vum Nic Biever, 1965, gouf hie Minister fir Aarbecht, Sozialversécherung a Grouwen a Gesondheetsminister an der Regierung Werner-Cravatte (bis 1969).

1970, huet hien d'LSAP verlooss, fir der SDP bäizetrieden. 1974 huet hie sech aus dem aktive politesche Liewen zréckgezunn.

Den Antoine Krier war de Brudder vum Pierre Krier.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]