Antoine Meyer

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Antoine Meyer op engem Timber vun 1979
Dat éischt Buch op Lëtzebuergesch
Oilzegt Kläng, 1853
Erënnerungsplack um Gebuertshaus an der Dräikinneksgaass, den Numm vum Dichter duerf ee roden oder d'kuckt een an den Himmel:
Medaillon mam Numm uewen um Haus

Den Antoine Meyer gebuer den 31. Mee 1801 an der Chimaysgaass (Dräikinneksgaass), an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 29. Abrëll 1857 zu Léck, war e Mathematiksprofesser an Auteur vun ë. a. dem éischte Buch op Lëtzebuergesch, E' Schrek ob de' Lezeburger Parnassus, dat 1829 erauskoum.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Tun Meyer war de Jong vun engem Schouster. Vun 1812 bis 1819 war hien am Stater Kolléisch, wou hien, zesumme mam Louis Marchand, Member vum Literaturkreess Polyhymnia vum Heinrich Stammer war. No senger Première (1819) huet hie Mathematik op der Faculté des sciences zu Léck studéiert. 1825/1826 war hien a Coursen op der Sorbonne an dem Collège de France zu Paräis ageschriwwen. Seng Studien huet hien duerch Nohëllefcoursë selwer misse finanzéieren.[1] Hien huet och dowéinst d'wëssenschaftlech Bibliothéik vun der Uni Léck katalogiséiert.[Source ?]

1826 krut hien eng Plaz als Enseignant am Iechternacher Kolléisch. Weider Statiounen a senger Carrière waren 1828 bis 1830 d'Militärakademie zu Breda an Holland, an 1831 de Kolléisch zu Léiwen, ier hien 1832 säin Doktorat an der Mathematik op der Universitéit zu Léck gemaach huet. Duerno war hien zu Bréissel um Institut Gaggia, der Militärakademie, wou hien 1837, am Sträit ëm een him virgeschriwwend Schoulbuch, dat net sengen Theorien entsprach huet, gekënnegt huet. Duerno hat hien eng Zäit keng Aarbecht, bis hien 1838 bis 1849 als Professer op der Université libre de Bruxelles engagéiert gouf. Gläichzäiteg war hie Rechner am Krichsministère an 1839 huet hien déi belsch Nationalitéit ugeholl.

De 16. Dezember 1846 gouf hie Member vun der Académie royale de Belgique an der Classe des Sciences.

Op Basis vu senge wëssenschaftleche Publikatioune gouf den Antoine Meyer den 30. Abrëll 1849 Professer op der Uni Léck genannt, wou hie bis zu sengem Doud enseignéiert huet.[1]

Vun 1829 u war den Antoine Meyer Member vun der Fräimaurerloge Les enfants de la concorde fortifiée.[1]

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Obwuel den Antoine Meyer déi meescht Zäit an der Belsch verbruecht huet, huet hien de Verdéngscht, 1829 dat éischt Buch op Lëtzebuergesch geschriwwen ze hunn, E' Schrek ob de' Lezeburger Parnassus. D'Virwuert ass op de 4. September datéiert.

Wéi de Johann Wolfgang von Goethe 1798 a senger Kantat Sängerwürde/Deutscher Parnaß, wollt och de Meyer e Schratt op de Lëtzebuerger Muse-Bierg Parnassos maachen. Domat huet en d'Fro opgeworf, ob deen neien, klengen Nationalstaat net och eng eege kleng Nationalsprooch bräicht. Säi Buch kann een deemno an direkter Linn an déi romantesch Traditioun areien, wou den Intressi fir d'Vollekssprooch eng wichteg Roll gespillt huet.

Well dëst dat éischt Buch iwwerhaapt op Lëtzebuergesch war, huet de Meyer eng eegen Orthographie a Grammaire missen erfannen. 1832 huet hien zu Léiwen nach e klengt Bichelchen Jong vum Schrek op de' Letzeburger Parnassus, drécke gelooss, ma en huet geklot, datt nëmme 37 Leit et bestallt haten. Trotzdeem huet en 1845 seng Gedichter zesumme mat neien nach eng Kéier erausginn als Luxemburgische Gedichte und Fabeln. 1853 koum Oilzegt-Klang (Uelzecht-Klang) no an 1854 nach e kuerzt Règelbüchelchen vum Lezeburger Orthoegraf, déi all Kéier an der Belsch erausgi goufen.

Am léifsten huet de Meyer Fabele geschriwwen, deenen hir Moral sech dacks mat de sozialen Ënnerscheeder beschäftegt huet. Ma en huet och Prosa an Drama probéiert a souguer erotesch Gedichter wéi De' Pater an d'Non publizéiert. Et ass unzehuelen, datt Verse wéi déiheiten:

Dem pater seng haenn
Ob lïeveche' nennen,
Frei dohïer rennen,
Weit vum breviéer
Der goettlecher léer

mat ee vun de Grënn sinn, datt déi laang Zäit éischter konservativ Lëtzebuerger Literaturgeschichtsschreiwung sech léiwer net genuch wéi ze vill mam Meyer ofginn huet.

1851 koum säi 'berufflecht' Haaptwierk eraus, den Exposé élémentaire sur la théorie des intégrales définies. 1857 ass den Antoine Meyer gestuerwen.

Nom Antoine Meyer genannt[änneren | Quelltext änneren]

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

Publikatiounen op Lëtzebuergesch[änneren | Quelltext änneren]

  • A. Meyer, 1829. E' Schrek ob de' Lezeburger Parnassus. Lezeburg, bei J. Lamort, ob der Place-d'Aarem. 53 S. Déi Originaleditoun online
  • A. Meyer, 1832. Jong vum Schrek op de' Letzeburger Parnassus. Léwen : bei Massar-Meyer.
  • A. Meyer, 1845. Luxemburgische Gedichte und Fabeln : nebst einer grammatischen Einleitung und einer Wörtererklärung der dem Dialekt mehr oder weniger eigenartigen Ausdrücke. Brüssel : Delevingne & Callewaert, XXXVIII, 204 p.
  • Antun Meyer, 1953. Oilzegt-Kläng. Lüttich, gedruck bei H. Dessain. H. Lambertus-Platz. 108 S. Déi Originaleditoun online
  • A. Meyer, 1854. Règelbüchelchen vum Lezeburger Orthoegraf, en Uress als Pro’v, d'Fraèchen aus dem Hâ, a Versen. Lüttich : H. Dessain. 34 S.
  • Antoine Meyer, 2004. E Schréck op de Lëtzebuerger Parnassus / Jong vum Schréck op de Lëtzebuerger Parnassus. Virgestallt a kommentéiert vum Roger Muller. Lëtzebuerger Bibliothéik Nr. 12. Mersch: Éd. du Centre national de littérature. 244 S. ISBN 2-919903-05-5.

Weider Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • A. Meyer, 1823. Dissertatio inauguralis mathematica de maximorum, minimorum theoria exemplis illustrata... Luciliburgi : J. Lamort. 15 p. Diss. Université Louvain.
  • A. Meyer, 1838. Quelques développements d'analyse combinatoire. Bruxelles : Bachelier. 64 p.
  • A. Meyer, 1841. Nouveaux éléments des mathématiques pures. Tome premier: Arithmétique. Bruxelles : Librairie polytechnique. 120 p.
  • A. Meyer, 1851. Exposé élémentaire de la théorie des intégrales définies. Bruxelles : C. Muquardt ; Paris : Roret, 1851. 510 p.
  • A. Meyer, 1851. Mémoire sur l'intégration de l'équation générale aux différences partielles du premier ordre d'un nombre quelconque de variables. Bruxelles : Académie royale de Belgique, [1851]. 24 p. [Présenté à la séance du 6 décembre 1851. Extrait du tome XXVII des Mémoires]
  • A. Meyer, 1852. Mémoire sur les fonctions arbitraires exprimées par des intégrales doubles, et de séries de quantités périodiques. Journal für die reine und angewandte Mathematik, Bd. 43, H. 1: 60-87. Hrsg. von A. L. Crelle. G. Reimer, Berlin.
  • A. Meyer, 1854. Nouveaux éléments de goniométrie. Liège : H. Dessain. 85 p.
  • A. Meyer, 1855. Manuel d'un cours de calcul différentiel. Liège : H. Dessain. 438 p.
  • A. Meyer, 1856. Démonstration de deux propositions nouvelles sur le calcul des probabilités précédée de la réfutation des objections formulées contre elles au sein de l'Académie de Belgique. Liège : H. Dessain. 24 p.
  • A. Meyer, 1856. Nouveaux éléments du calcul des variations. Liège : H. Dessain. 132 p.
  • A. Meyer, 1857. Examen critique de la notice de M. Liagre sur la probalité de la cause d'une erreur constante dans une série d'observations insérée dans le t. XXII du Bulletin de l'Académie de Belgique. Liège : H. Dessain. 15 p.
  • A. Meyer, 1857. Essai sur une exposition nouvelle de la théorie analytique des probabilités à postériori. Liège : H. Dessain. 122 p.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Arendt, Jean-Venceslas-Charles, 1904-1910. Porträt-Galerie hervorragender Persönlichkeiten aus der Geschichte des Luxemburger Landes von ihren Anfängen bis zur Neuzeit: mit biographischen Notizen. Luxemburg, M. Huss. [Antoine Meyer: Bd. I, S. 80]
  • Muller, Roger, 1985. Anton Meyers "De Füsschen an de Wöllefchen" als Vorlage zum Tierepos "De Wëllefchen an de Fiischen" von Dicks. Galerie : revue culturelle et pédagogique, n° 2: 253-257. Differdange.
  • Muller, Roger (rm), 2007. Meyer, Antoine. Luxemburger Autorenlexikon, S. 414-415. Centre national de littérature Mersch. Dréckerei Graphic Press.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Antoine Meyer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 R. Muller: Luxemburger Autorenlexikon 2007