Antonia Maury

Vu Wikipedia
Antonia Maury
Gebuertsnumm Antonia Caetana de Paiva Pereira Maury
Gebuer 21. Mäerz 1866
Gestuerwen 8. Januar 1952
Dobbs Ferry
Nationalitéit USA
Aktivitéit Astronom, Astrophysiker

D'Antonia Caetana De Paiva Pereira Maury, gebuer den 21. Mäerz 1866 zu Cold Spring-on-Hudson am Bundesstaat New York a gestuerwen den 8. Januar 1952 war eng US-amerikanesch Astronomin. Si war eng Niess vum Henry Draper.

D'Maury huet um Harvard College Observatoire (HCO) geschafft, wou si stellar Spektren observéiert an 1897 e Katalog vu Klassifikatioune publizéiert huet (Spectra of Bright Stars Photographed with the 11-inch Draper Telescope as part of the Henry Draper Memorial. Annals of Harvard College Observatory, vol. 28, pp. 1–128). Den Edward Charles Pickering, Direkter vum HCO zu dëser Zäit, huet dem System vun der Klassifikatioun an den Erklärung ënnerschiddlecher Linnebreeten net zougestëmmt, wourop si den HCO verlooss huet.

Den Ejnar Hertzsprung awer, huet d'Bedeitung vun hire Klassifikatiounen erkannt an huet hiert System gebraucht, fir a sengem System tëscht Risestären an Zwergstären z'ënnerscheeden.

1908 ass d'Maury nees zeréck op den HCO koum an ass nach vill Joren do bliwwen. 1933 publizéiert si déi spektroskopesch Analys vum Duebelstär Beta Lyrae (The Spectral Changes of Beta Lyrae, Annals of Harvard College Observatory, vol. 84, no. 8).

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie