Antonia vu Lëtzebuerg
D'Antonia Roberta Sophie Wilhelmine vun Nassau-Weilburg, gebuer de 7. Oktober 1899 um Schlass Hohenburg a Bayern a gestuerwen den 31. Juli 1954 zu Lenzerheide an der Schwäiz, war eng lëtzebuergesch Prinzessin an duerch hiert Bestietnes mam Rupprecht vu Bayern wier si déi lescht bayeresch Krounprinzessin ginn, wann d'Novemberrevolutioun vun 1918 d'Monarchie an Däitschland net scho virdrun ofgeschaaft hätt.
D'Prinzessin Antonia war dat véiert Meedche vum Wëllem IV. vu Lëtzebuerg an der Maria Ana vu Bragança. An de leschte Krichsméint vum Éischte Weltkrich, den 20. Feruar 1918, huet si sech mat dem 30 Joer méi ale Generalfeldmarschall Rupprecht verlobt. Déi Verlobung gouf awer aus politesche Grënn erëm opgeléist. Am Februar 1921 hunn déi Zwee en zweeten Ulaf geholl an de 7. Abrëll 1921 goufe si bestuet. D'Koppel krut sechs Kanner.
1944 huet d'Gestapo, op Uerder vum Hitler, d'Krounprinzessin an hir Famill verhaft. De Rupprecht krute se net well deen, well en net nationalsozialistesch agestallt war a Kontakt zu den Oppositiounsgruppen hat, zënter 1939 am Exil an Italien zu Florenz war, wou e beim Fräihär vu Fraunberg verstoppt war.
D'Antonia an hir Famill goufen am KZ Sachsenhausen an duerno an deem vun Dachau internéiert, wou si eréischt am Abrëll 1945 fräikoumen. D'Antonia déi sech ni ganz vum Openthalt an de Konzentratiounslager erkritt hat, ass mat 54 Joer zu Lenzerheide gestuerwen.
Si gouf an der Basilika Santa Maria in Domnica um Caelius zu Roum bäigesat. Hiert Häerz ass an der Gnodekapell vun Altötting.
Kanner [änneren]
- Heinrich Franz Wilhelm (* 28. Mäerz 1922; † 14. Februar 1958)
- Irmingard Marie Josepha (* 29. Mee 1923; † 23. Oktober 2010)
- Editha Marie Gabrielle (* 16. September 1924)
- Hilda Hildegard Marie (* 24. Mäerz 1926; † 5. Mee 2002)
- Gabriele Adelgunde Marie (* 10. Mee 1927)
- Sophie Marie Therese (* 20. Juni 1935)
Literatur [änneren]
- Jean Louis Schlim, Antonia von Luxemburg. Bayerns letzte Kronprinzessin. LangenMüller, München 2006, ISBN 3-7844-3048-1.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Antonia vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |