Antonis Samaras

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Antonis Samaras

Den Antonis Samaras (heiansdo och Andonis Samaras; gr.: Αντώνης Σαμαράς), gebuer den 23. Mee 1951 zu Athen, ass e griichesche Politiker.

Hien ass zanter dem 20. Juni 2012 Ministerpresident vu Griicheland an zanter 2009 President vun der konservativen Partei Nea Dimokratia (ND).[1]

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Antonis Samaras ass de Jong vun engem Kardiologen an huet an den USA um Amherst College Economie studéiert an dës Studien 1976 mat engem MBA absolvéiert.

1977 bis 1996 war hien Deputéierten am griichesche Parlament an ass dat nees zanter 2007 fir d'Partei Nea Dimokratia (ND). 1989 gouf hie Wirtschaftsminister a vun 1989 bis 1992 Ausseminister an der Regierung vum Konstantinos Mitsotakis.

An den 1990er Joren huet hien eng eege Partei gegrënnt, déi stramm konservativ Politiki Anixi (Πολιτική Άνοιξη, „Politischt Fréijoer”). Dës huet d'ND bei de Parlamentswale vun 1993 geschwächt, sou datt d'Oppositiounspartei PASOK nees un d'Muecht koum.

1996 huet d'Politikerin Anixi et net méi iwwer d'3 %-Barrière bei de Wale fir an d'Parlament gepackt. 2000 huet se keng Lëschte méi fir d'Walen opgestallt, mä de Samaras huet d'Nea Dimokratia ëffentlech ënnerstëtzt.

Virun de Wale fir d'Europäescht Parlament 2004 huet hie sech dann nees der Nea Dimokratia ugeschloss a gouf Deputéierten am Europaparlament. Bei de Parlamentswale vun 2007 gouf en an d'griichescht Parlament gewielt an huet säi Mandat zu Stroossbuerg opginn.

2009 war e fir e puer Méint Kulturminister. Bei de Parlamentswale vum Mee/Juni 2012 gouf d'Nea Dimokratia déi stäerkst Partei. Si huet eng Koalitiousregierung mat der PASOK gebilt, den 20. Juni 2012 gouf de Samaras zum griichesche Ministerpresident vereedegt.[2][3][4]

De Samaras ass mat der Georgia Kritikou bestuet an huet zwee Kanner.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Antonis Samaras – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]