Aoede (Mound)

Vu Wikipedia
Aoede
(Jupiter XLI)
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2003 J 7
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 23.980.000 km
Periapsis 13.642.000 km
Apoapsis 34.318.000 km
Exzentrizitéit 0,4311
Ëmlafzäit 761,50 Deeg
Ëmlafvitess 2,18 km/s
Inklinatioun 158,257°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser 4 km
Dicht 2,6 g/cm3
Gravitatioun
op der Uewerfläch
?
Albedo 0,04
Visuell Magnitude (mag) 22,5
Entdeckung
Entdecker IFA Hawaii
Entdeckungsdatum 8. Februar 2003


Den Aoede (oder Jupiter XLI) ass ee vun de klenge Mounde vum Planéit Jupiter.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

Den Aoede gouf den 8. Februar 2003 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Den Numm Aoede (no der Muse Aoide) krut de Mound den 30. Mäerz 2005 vun der Internationaler Astronomescher Unioun (IAU).

Bunndaten[änneren | Quelltext änneren]

Den Aoede kreest a 761,5 Deeg op enger mëttlerer Distanz vun 23.980.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,4322. Mat enger Schréi vun 158,257° ass d'Bunn retrograd, d. h., de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den Aoede der Pasiphae-Grupp, genannt nom Jupitermound Pasiphae, zougeschriwwen.

Physikalesch Daten[änneren | Quelltext änneren]

De Mound Aoede huet en Duerchmiesser vu ronn 4 km. En huet eng ganz däischter Uewerfläch an eng Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 22,5m.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]