Apertur (Optik)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Fokusséiere vun enger Kamera

D'Apertur, oder Ëffnungswäit vun enger Optik oder vun enger Antenn ass déi fräi Ëffnung oder den Duerchmiesser dovun, duerch deen d'Liichtstralen oder Radiowellen ausgesent oder ëmpfaange ginn. Dee bestëmmte Baudeel gëtt Aperturblend genannt an ass an der Fotografie dacks verstellbar, kuckt fotografesch Blend.

Wéinst der Wellendiffraktioun hänkt d'Wénkelopléisung vum Duerchmiesser am Verhältnes zu der Wellelängt vun der gebrauchter Stralung of. Sou huet eng Radarantenn vum 1000-fachen Duerchmiesser vun der Pupill en zéngmol méi schlecht Opléisungsverméigen, well d'Wellelängt vum Radar zéngdausendmol méi grouss ass wéi déi vum Liicht. Fir déi quantitativ Bezéiung kuckt Rayleigh-Kriterium. Duerch d'koherent Iwwerlagerung loosse sech méi Aperturen opléisungssteigernd kombinéieren, fir Beispiller am optesche Beräich. Duerch d'Méiglechkeeten, am Radiofrequenzberäich, vun koherenter Signalveraarbechtung loosse sech och Aperturen déi wäit vuenee stinn, kombinéieren, kuckt VLBI.

D'Fläch vun der Apertur (z. B. eng Flächenantenn oder vun engem Teleskop) bestëmmt déi aus enger flaacher Well opgeholle Leeschtung. Déi verdeelt sech bei enger ofgebilten Optik op d'Fläch vum Bild, deem seng Gréisst mat der Brennwäit zouhëllt, soudatt d'Verhältnes Aperturduerchmiesser:Brennwäit als Liichtstäerkt vum Objektiv bezeechent gëtt. Datt bei formal derselwechter Liichtstäerkt eng Handykamera bei schwaache Liichtverhältnesser enger grousser Kamera ënnerleeën ass, läit virun allem dorun, datt si manner Pixelen huet.