Apollo-Typ

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Radarbild vum (4179) Toutatis, engem Asteroiden vum Apollo-Typ

Objete mat Bunnhallefachsen baussenzeg vun der Äerdbunn an Exzentrizitéiten, déi duergi fir trotzdeem Periheldistanzen bannenzeg vun der Äerdbunn z'erreeche ginn als Apollo-Asteroide bezeechent. Asteroide vum Apollo-Typ kräizen d'Äerdëmlafbunn a ginn nom (1862) Apollo genannt. Hir Bunnen hunn e Perihel ënner 1,017 AE, wat der Aphel-Distanz vun der Äerd entsprécht. Verschidden Objete kënnen am Perihel souguer an bannescht Venus-Ëmlafbunn geroden. Vun Apollo-Asteroiden geet als Äerdbunnkräizer e gewëssent Risiko fir en Aschlag op d'Äerd aus. Den Apollo-Asteroid (29075) 1950 DA war den éischten Objet, fir deen e positive Wäert op der Palermo-Skala fir Aschlagsrisikoen ermëttelt gouf.

Bunnbestëmmungen hu gewisen, datt d'Asteroide vun der Haaptceinture wéinst gravitative Stéierunge vum Jupiter op Apollo-Bunnen iwwergoe kënnen. E Beispill dofir sinn d'Alinda-Asteroiden zu deenen e puer Objete vum Apollo-Typ wéi z. B. (4179) Toutatis gehéieren. Si beweege sech an 3:1-Resonanzen zum Jupiter a ginn esou an hirer Bunn gestéiert, wouduerch d'Exzentrizitéite vun dësen Objeten stänneg erhéicht ginn, bis d'Resonanz bei enger Approche un ee vun de bannenzege Planéiten opgeléist gëtt.

De gréissten Apollo-Asteroid ass de (1866) Sisyphus mat 8,5 km Duerchmiesser. Weider bekannt Vertrieder sinn den (2101) Adonis an (69230) Hermes, dee 1937 op enger 1,5-facher Mounddistanz un eiser Äerd laanscht gezunn, duerno als verschollen gollt, an am Joer 2003 nees erëmfonnt ginn. Am 1990 waren 63 Apollo-Asteroiden bekannt, 1999 schonns 415, am November 2003 nom Minor Planet Center (MPC) 1190 an am August 2006 waren et der 2170. D'Zuele verduebele sech also all zwee Joer.

Um Spaweck [änneren]

Commons: Near-Earth asteroids – Biller, Videoen oder Audiodateien