Apple Aperture

Vu Wikipedia

Apple Aperture ass e Computerprogramm vun Apple fir de Betribssystem Mac OS X, deen am Oktober 2005 op der PhotoPlus Expo zu New York virgestallt gouf.

Aperture war déi éischt Software, déi entwéckelt gouf, fir professionelle Fotografen et z'erlaben, eng net-destruktiv Postproduktioun vun digitale Fotoen, a besonnesch déi a proprietäre RAW-Format, séier an einfach z'erméiglechen.

Déi direkt Konkurrenz ass de Adobe Photoshop Lightroom, deen et och fir Mac gëtt.

Déi aktuell Versioun ass 2.1.3. vum 14. Abrëll 2009.

Bibliographesches[änneren | Quelltext änneren]

  • B. Long, R. Harrington, O. Luna: Aperture 2. Das offizielle Handbuch zu Apples Workflow-Software für Fotografen, Addison-Wesley Verlag, 2009