Apple iPhone

Vu Wikipedia
En iPhone 12 Pro aus dem Joer 2020

iPhone ass den Numm vun enger Rei Smartphones vun der US-amerikanescher Firma Apple. Si benotzen de Betribssystem iOS fir mobill Apparater.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Den iPhone huet eng Benotzerschnëttstell ("Interface"), déi op engem Multi-Touch-Bildschierm baséiert. Deen erméiglecht et fir e mat e puer Fangere gläichzäiteg ze benotzen. E gëtt mat GSM-Netzwierker oder mat Wi-Fi verbonnen a kann Appeller maachen, am Internet surfen, Fotoe maachen, Musek ofspillen, an E-Mailen an Textnoriichten senden an empfänken. Zënter der Maartaféierung vum iPhone si weider Funktiounen derbäikomm. Dorënner méi grouss Bildschiermer, Videoopnamen, Wasserdichtheet, d'Méiglechkeet, mobil Applikatioune ("Apps") vun Drëttubidder iwwer en App-Store ze installéieren, a vill Accessibilitéitsfunktiounen. Bis 2017 hat den iPhone e Layout mat enger eenzeger Taste op der viischter Säit, déi de Benotzer op de Startbildschierm zeréckbréngt. Zënter 2017 sinn déi deier iPhone-Modeller op en Design ouni Tasten a mat Gestenerkennung ëmgeklommen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Apple iPhone geet op eng Direktiv vum Apple-Direkter Steve Jobs zeréck, d'Benotzbarkeet an d'Entwécklung vun Touchscreens ze studéiert. Hien huet den 9. Januar 2007 den éischten iPhone der Ëffentlechkeet presentéiert. E koum an den USA den 29. Juni 2007 an d'Geschäfter. D'initial Begeeschterung fir dës nei Generatioun vun Handy war grouss, soudatt den iPhone am November 2007 och a Groussbritannien, Frankräich an Däitschland, an am Fréijoer 2008 an Irland an Éisträich zum Verkaf ugebuede gouf. Zu Lëtzebuerg war d'Maartaféierung am Oktober 2008.

Zënterhier goufe reegelméisseg nei Modeller an iOS-Aktualiséierunge verëffentlecht.

Impakt[änneren | Quelltext änneren]

Den iPhone ass nieft Android eng vun den zwou gréissten Smartphone-Plattformen op der Welt a mécht e groussen Deel vum Luxusmaart aus. Den iPhone huet Apple grouss Gewënner abruecht an d'Entreprise zu enger vun der wäertvollste gemaach, déi op der Bourse gehandelt ginn. Den iPhone vun der éischter Generatioun gouf als "revolutionär" an als "game-changer" fir d'Handysbranche bezeechent, an och déi spéider Modeller goufe vill gelueft.

Dem iPhone gëtt och zougeschriwwen, e grousse Maart vir Applikatioune fir Smartphone geschaaf ze hunn.

Ufank 2021 huet Apple annoncéiert, datt iwwer eng Milliard Mënschen aktiv en iPhone géife benotzen.[1] Den eemilliardsten iPhone gouf schonn 2016 verkaaft,[2] am November 2018 waren et der schonn 2,2 Milliarden.[3]

Am éischten Trimester 2021 huet Apple iPhonen am Wäert vun 48 Milliarden US-Dollar verkaaft.[4]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Apple iPhone – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. theverge.com: Apple says there are now over 1 billion active iPhones (27. Januar 2021)
  2. apple.com: Apple celebrates one billion iPhones (27. Juli 2016)
  3. lifewire.com: How Many iPhones Have Been Sold Worldwide? (lescht Aktualiséierung: 27. Dezember 2019)
  4. digitaltrends.com: Apple sold a whopping $48 billion worth of iPhones in just three months (28. Abrëll 2021)