Applied Physics Laboratory

Vu Wikipedia
Eng High-Tech-Prothes, fabrizéiert vum APL.

Den Applied Physics Laboratory vun der Johns Hopkins Universitéit (Ofk. APL, JHU/APL oder JHUAPL) steet zu Laurel am US-Bundesstaat Maryland. Et ass en universitéitsnoe gemengnëtzege Fuerschungszentrum mat zirka 4.000 Leit Personal deen als technescht Institut fir den Department of Defense, d'NASA an anere Verwaltunge schafft.

Den APL ass éischter eng Fuerschungs- an Entwécklungsariichtung wéi e Léierinstitut vun der Johns Hopkins Universitéit. E gouf 1942 wärend dem Zweete Weltkrich vum Office of Scientific Research and Development mam Zweck gegrënnt, fir dat wëssenschaftlecht an ingenieurstechnescht Wëssen tëscht den Universitéiten notzbar ze maachen. Déi wichtegst Entwécklung vun där Phas war en zäitvariabelen Ofstandszünder, dee beim Erfolleg vun den Alliéierten eng wichteg Roll gespillt hat. Entgéint den Erwardunge gouf den APL net opgeléist, mä gouf op Wonsch vun der Regierung als ëffentlech Ariichtung weidergefouert an huet bei der Entwécklung vu Lenkwaffentechnik fir d'US Navy gehollef.

Méi wéi d'Hallschent vun den technesche Mataarbechter sinn Ingenieuren a 25 % hunn en Ofschloss an Informatik oder Mathematik. Den APL mécht Programmer fir Grondlagen- an Uwendungsfuerschung, fir experimentell a fortgeschratten Entwécklung souwéi fir Tester a Systemintegratioun.

Tëscht 1965 an 1990 huet den APL de Pershing-Rakéiteprogramm mat technescher Ënnerstëtzung an Tester ënnerstëtzt, fir d'Leeschtungsfäegkeet an d'Liewensdauer ze verbesseren.

D'US Navy ass den Haaptclient. De Laboratoire schafft fir d'Missile Defense Agency, den Department of Homeland Security, verschidde Geheimdéngschter, d'Defense Advanced Research Projects Agency, an aner Verwaltungen. En ënnerstëtzt d'NASA mat senge Kentnesser an der Raumfaartwëssenschaft, mat Entwërf a Fabrikatioun vu Raumgefierer, a mat der Betreiung vu Raumfaartmissiounen. Weider Aarbechtsgebidder sinn d'Loftverteedegung, U-Bootsécherheet, Bekämpfung vun U-Booter, Tester vu strategesche Systemer, Informatiouns- an Uweissystemer, Sensorik, Informatiounsveraarbechtung a Raumfaartsystemer. Den APL huet en ettlech Satellitten a Raumsonde gebaut a bedriwwen, dorënner: TRANSIT Navigations System, NEAR, CONTOUR, Messenger, New Horizons a STEREO. Geplangt ass Solar Probe +.

Den Asteroid (132524) APL krut, no engem Laanschtfluch vun der New Horizons Raumsond, zu Éiere vum APL, him säin Numm.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]