Approche
Approche ass déi vereelzte Bezeechnung fir e Lafgruef bei der militärescher Belagerung vu Festungen. D'Wuert ass eng Andäitschung vum franséische Verb approcher - "méi no bei eppes goen".
Et handelt sech heibäi ëm eng Anlag, déi den Ugräifer vun enger Festung huet missen unleeën, ier d'Festung erstiermt konnt ginn. Mat Hëllef vun enger Buedemwalz (Sappe) konnt sech den Ugräifer un d'Festungsmaueren eruschaffen, fir se dann duerch en Ënnerminen zum Astuerz ze bréngen. Mat Hëllef vun den Approchë konnt den Ugräifer de Virterrain gedeckt passéieren.
D'Uleeë vun Approchë gouf vun de Verdeedeger duerch déi laangjäreg Uplanzung vu Planze mat déiwe Wuerzelen op dem Glacis vun der Festung erschwéiert.
Kuckt och [änneren]
Militärarchitektur: Approche - Bockellinn - Caponnière - Contre-escarpe - Courtine - Enveloppe - Escarpe - Glacis - Kasematt - Ravelin - Redoute - Reduit - Zitadell
Festung Lëtzebuerg: Festung Lëtzebuerg mat: Bastioun Louis - Fort Olizy - Fort Thüngen - Kasematten - Malakoff-Tuerm - Nei Paart - Spueneschen Tiermchen
Festungen an der Belsch: Fort de Tancrémont - Fort de Battice - Fort d'Aubin-Neufchâteau - Fort d'Eben Emael - Fort d'Évegnée-Tignée - La Chartreuse
Festungen a Frankräich: Maginot-Linn - Château d'If - Fort d'Illange - Fort de Villy-La Ferté - Fort de la Pompelle - Zitadell Montmédy - Tour Solidor - Fort de Charlemont
Festungen an Italien: Festunge vu Folgaria - Trentiner Festungen
Festungen an Norwegen: Festung Akershus