Aqueduc

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'réimesch Aquäduktbréck Pont du Gard a Südfrankräich.

En Aqueduc oder Aquädukt (lat. aquaeductus „Waasserleitung“) ass e Bauwierk dat dozou déng, Waasser ze transportéieren. De Begrëff gëtt souwuel fir Gravitatiounsleitungen am Allgemengen, déi ugeluecht ginn, fir Drénkwaasser dohin ze bréngen, wou et gebraucht gëtt, wéi och am besonnesche fir Brécken, iwwer déi sou eng Leitung féiert, gebraucht. D'Qanaten am Iran kënnen als Virleefer vun den Aquädukten ugesi ginn. Si sinn Tunnellen, déi horizontal an de Bierg geschloe goufen, fir Grondwaasser op Felder ze transportéieren.

Déi eelst Aquädukten an der historescher Iwwerliwwerung sinn aus der Zäit vum Ramses II., Semiramis an dem Kinnek Salomo. Den assyresche Kinnek Sanherib huet 691 v. Chr. en 48 Kilometer laangen Aquädukt baue gelooss, deen iwwer eng 280 Meter laang an néng Meter héich Bréck Waasser op Ninive bruecht huet. Och d'antik Griichen hunn de Bau vun Aqueduce kannt. Nieft Athen gouf et der bei Theben, Megara, Samos, Pharsalos a soss doruechter.

Am bekanntste sinn d'Aquädukte vun de Réimer. D'Stad Roum gouf iwwer een am ganzen iwwer 400 km laange System vu bis zu 11 Aquädukten, déi alt bis zu 150 km laang waren, mat pro Dag bis zu 992.200 Kubikmeter Waasser versuergt.

Bekannt Aquädukten aus der Réimerzäit, a Form vu Boubrécken, déi bis haut erhale sinn, sinn de Pont du Gard bei Nîmes oder, a Spuenien, dee vu Segovia an dee vun Tarragona.

Bis an d'20. Joerhonnert era goufen Aqueduce gebaut. Dee gréissten an Europa, deen nach haut a Betrib ass, ass den Aquedotto pugliese vun 1914, dee grouss Deeler vun der Provënz Apulien mat Drénkwaasser approvisionéiert. E bekannten Aqueduc ass a Frankräich den Aqueduc de la Vanne deen op enger Streck vun iwwer 110 km Waasser aus dem Departement Yonne bis op Paräis an de Waasserbaseng vu Montsouris bréngt. A Portugal ass de 7,8 km laangen Aqueduc vun Amoreira deen d'Festung vun Elvas mat Waasser beliwwert huet als Nationalmonument klasséiert. Zu Lissabon kann een den Aqueduto das Águas Livres kucke goen.

Zu a ronderëm Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Reschter vun Aqueducen aus der Réimerzäit sinn ë. a. d'Raschpëtzer bei Walfer, déi e Qanat-System fir d'Waasserversuergung vun der réimescher Villa zu Helsem waren, oder, e bësse méi wäit, den Aqueduc vu Gorze op Metz, mat Reschter vu Brécken ë. a. zu Jouy-aux-Arches an zu Ars-sur-Moselle, an d'Eifelwaasserleitung aus der Eifel bis op Köln.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Aqueducen – Biller, Videoen oder Audiodateien