Aquila (Stärebild)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Date vum Stärebild Aquila
Lëtzebuergeschen Numm Adler
Laténgeschen Numm Aquila
Laténgesch Ofkierzung Aql
Positioun um Himmelsequator
Rektaszensioun 18h 41m bis 20h 39m
Deklinatioun +18° 40´ bis -11° 50´
Fläch 652 Quadratgrad
Siichtbar op de Breedegraden 78° Nord bis 71° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Summer
Stärenzuel mat
Gréisst < 3m
2
Hellste Stär,
Gréisst
Altair (Atair)
(α Aquilae),
0,8m
Meteorstréim
Nopeschstärebiller
(vu Norden am
Auerrzäresënn)
Sagitta

Hercules
Ophiuchus
Serpens
Scutum
Sagittarius
Capricornus
Aquarius
Delphinus

Kaarte vum Stärebild Aquila
Stéch vum Stärebild Aquila

Den Aquila (Adler) ass e markant Stärebild vum nërdleche Summer- an Hierschthimmel.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Wéinst dem opfälleg hellen Haapstär Altair (α Aquilae), deen Deel vum ausgedehnte Summerdräieck ass, kann den Aquila liicht um Summerhimmel fonnt ginn. Uewen an ënne vum Atair leien déi hell Stären Tarazed (γ Aquilae) an Alshain (β Aquilae). Déi dräi Stäre maachen de Kapp vum Adler aus. Déi aner Stäre sollen déi ausgebreete Flilleke vum Adler duerstellen.

Vum Stärebild Cygnus kommend, zitt sech d'Band vun der Mëllechstrooss duerch den Adler, a weider zum Sagittarius, wou de Galakteschen Zentrum vun eiser Galaxis ass. Wann ee mam Teleskop duerch d'Stärebiller sträift, erkennt een interessant Strukturen, hell an donkel Gebidder, an der Mëllechstrooss.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Adler gehéiert zu den 48 Stärebiller aus der antiker griichescher Astronomie, déi scho vum Ptolemäus beschriwwe goufen.

Den Haaptstär Atair (och Altair, (arabesch) fir „den Adler dee flitt“) gouf scho bei de Sumerer an de Babylonier den Adlerstär genannt.

De südlechen Deel vum Adler war bis an dat fréit 19. Joerhonnert och als Antinous bekannt.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Numm Gréisst Lj Spektralklass
α 53 Altair (Atair) 0,8m 16,7 A7 IV
γ 50 Tarazed 2,72m 461 K3 II
ζ 17 Deneb el Okab 2,99m 83 A0 Vn
θ 65 3,24m 287 B9 III
δ 30 3,36m 50 F3 IV
β 60 Alshain 3,71m 44 G8 IV
η 55 3,87m 1180 F6 Ib
ε 13 4,02m 154 K1 III
i 12 4,02m
l 71 4,31m
λ 15 Lambda Aquilae 4,34m 125 B9 V
ι 41 Iota Aquilae 4,36m 307 B5 III
μ 38 4,45m 111 K3 III
ν 32 4,64m 3.000 F2 Ib
ξ 59 4,71m 203 G9 IIIb
69 4,91m
70 4,91m
κ 39 4,93m 1460 B0 III
ρ 67 4,94m 154
f 26 4,98m
4 5,02m
e 36 5,03m
18 5,07m
23 5,10m
ο 54 5,12m 63 F8 V
37 5,12m
21 5,14m
b 31 5,17m
σ 44 5,18m 680 B3 V + B3 V

Den Altair (α Aquilae) ass mat enger visueller Hellegkeet vun 0,8m en opfälleg helle Stär. Et ass e blolech-wäisse Stär vun der Spektralklass A7 mat der zéngfacher Liichtkraaft vun eiser Sonn. Seng Uewerflächentemeperatur ass ronn 8.600 Kelvin.

D'Spektroskopesch Ënnersich weisen, datt hie sech an nëmme 6,5 Stonnen ëm déi eegen Achs dréit. Mat enger Distanz vun 17 Liichtjoer gehéiert hien zu den nächsten Nopere vun eiser Sonn.

Deen zweethellste Stär, γ Aquilae (Tarazed), ass een Iwwerris mat der Spektralklass K3 a läit 461 Liichtjoer vun eis ewech.

Duebelstären[änneren | Quelltext änneren]

System Gréissten Ofstand
ζ 2,99m/12m/12m 6,5/158,6"
β 3,71m/12m 13"
ε 4,02m/10m/10m 131,1/148,6"
ο 5,12m/14m 22,5"
15 5,4m/7,1m 39"
57 5,7m/6,5m 35,7"
5 5,7m/7,3m 13"
π 6,2m/6,9m 5,7"

Den ζ Aquilae ass een Méifachstäresystem op enger Distanz vun 83 Liichtjoer, bei deem sech dräi Stären ëm ee kollektive Schwéierpunkt beweegen. Den 2,99m hellen Haaptstär huet zwéi liichtschwaach Begleeder am Ofstand vun 6,5 an 158,6 Bousekonen.

Den arabeschen Numm Deneb el Okab bedeit „Schwanz vum Falk“.

De β Aquilae ass een Duebelstär op enger Distanz vun 44 Liichtjoer a besteet aus engem 3,71m hellen Haaptstär an enger 12m heller Komponent op enger Distanz vun 13 Bousekonnen.

Verännerlech Stären[änneren | Quelltext änneren]

Stär Gréisst Period Typ
η 3,5m bis 4,4m 7,1766 Deeg Cepheiden
σ 5,18m bis 5,2m 1,95 Deeg bedeckungsverännerleche Stär
R 5,6m–12,0m 300 Tage Mira-Stär

Den η Aquilae ass ee pulsatiounsverännerleche Stär vum Typ vun de Cepheiden. Seng Hellegkeet verännert sech regelméisseg mat enger Period vu 7 Deeg, 4 Stonnen a 14 Minutten tëscht 3,5 a 4,4m.

Den σ Aquilae läit 680 Liichtjoer vun eis ewech an ass e bedeckungsverännerleche Stär. All 195 Deeg zitt ee liichtschwaache Stär virun deen hellen Haaptstär, wat zu engem liichten Hellegkeetsënnerscheed féiert.

R Aquilae ass e verännerleche Stär vum Typ Mira op enger Distanz vun 800 Liichtjoer. De Stär ännert während engem Zäitraum vu ronn 300 Deeg seng Hellegkeet. D'Pulsatiounsperiod huet sech an de leschten honnert Joer erhiewlech verréngert. Ufank vum 20. Joerhonnert huet si nach 350 Deeg gedauert. Am Maximum ass de Stär 5,6m hell a ka just nach mam bloussen A gesi ginn. Am Minimum erreecht hie nëmmen nach eng Hellegkeet vun 12,0m.

Messier- an NGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

Messier (M) NGC divers Gréisst Typ Numm
6709 Oppene Stärekoup
6738 Oppene Stärekoup
6751 Planetareschen Niwwel
6755 Oppene Stärekoup
6760 Kugelstärekoup
6772 Planetareschen Niwwel
6781 Planetareschen Niwwel
Barnard 142/143 Donkelniwwel

Den NGC 6709 ass en Oppene Stärekoup op enger Distanz vu 2.600 Liichtjoer.

1,5° nordwestlech vum γ Aquilae läi de Barnard 142/143, eng ausgedehnten Stëbswollek, déi d'Liicht vun de Stären hannendru verdonkelt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Aquila – Biller, Videoen oder Audiodateien