Ara (Stärebild)

Vu Wikipedia
Date vum Stärebild Ara
Lëtzebuergeschen Numm Altor
Laténgeschen Numm Ara
Laténgesche Geenitiv Arae
Laténgesch Ofkierzung Ara
Positioun um Himmelsequator
Rektaszensioun 16h 34m bis 18h 10m
Deklinatioun -67° 41' bis -45° 29'
Fläch 237 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 25° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Net ze gesinn
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
2
Hellste Stär,
Gréisst
β Ara,
2,85m
Meteorstréim
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Scorpius
Norma
Triangulum Australe
Pavo
Telescopium
Corona Australis
Kaart vum Stärebild Ara
Stéch vum Johannes Hevelius 1690

Der Altor (Latäin: Ara) ass e Stärebild vum südleche Stärenhimmel.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Den Ara ass e klengt, awer androcksvollt Stärebild, dat südlech vum Scorpius um Stärenhimmel steet. Duerch den Ara zitt sech dat stäreräicht Band vun der Mëllechstrooss, dofir fënnt een hei vill oppe Stärekéip.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Ara gehéiert zu den 48 Stärebiller vun der anticker griichescher Astronomie, déi schonn dem Ptolemäus bekannt waren.

Den Numm Ara gouf vum Eudoxos vu Knidos, engem griicheschen Naturphilosoph a Mathematiker aus dem 4. Joerhonnert viru Christus, festgeluecht.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Numm Gréisst Lj Spektralklass
β 2,85m 603 K3 Ib
α Choo 2,95m 242 B2 V
ζ 3,34m 574 K3 III
γ 3,34m 1140 B1 Ib + A7 V
δ 3,62m 187 B8 Vn
θ 3,65m 1010 B2 Ib
η 3,77m 313 K5 III
ε1 4,06m 304 K4 III
σ 4,56m 386 A0 V
λ 4,76m 713 F3 IV
μ 5,14m 49,8 G3 IV
κ 5,19m 398 G8 III
ι 5,21m 720 B2 III
π 5,25m 138 A5 IV
ε2 5,27m 85,9 F6 V
ν1 5,68m 820 B2V + B3 V
ν2 6,09m 508 B9 III

De β Arae ass den hellste Stär am Ara, hien ass ronn 603 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech. De Stär gehéiert zu der Spektralklass K3 Ib.

Den μ Arae ass e sonnenänleche Stär op enger Distanz vun 49,8 Liichtjoer. Hien huet ongeféier 30 % méi Mass wéi eis Sonn an déi 1,7fach Liichtkraaft. Am Mount August 2004 goufen do dräi Exoplanéiten entdeckt.

Duebelstären[änneren | Quelltext änneren]

System Gréissten Ofstand
γ 3,5m/10,5m 17,9"
η 3,77m/14m 25,7"
κ 5,19m/14m/14m 25/30"
ε2 5,4m/8,6m/13m 0,6/25"
ν1 5,67m/9m 12,3"

Den γ Arae ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 187 Liichtjoer zu eiser Äerd. Den 3,5m hellen, blo-wäissen Haaptstär huet e liichtschwaache wäisse Begleeder mat 10,5m Hellegkeet.

De ν1 Area ass 820 Liichtjoer wäit ewech an ass en Dräifachstär. Déi béid ënnerschiddlech hell Haaptkomponenten ëmkreese sech an engem enken Ofstand. All 3,17 Deeg zitt den donkele Stär virun den helle Stär, woubäi d'Hellegkeet eppes fält. Sou Duebelstären nennt ee Bedeckungsverännerlecher. An engem Ofstand vun 12,3 Bousekonnen ass e weidere Stär mat enger $hellegkeet vun 9m.

Verännerlech Stären[änneren | Quelltext änneren]

Objet Gréisst Period Typ
α 2,79m bis 3,13m Verännerleche Stär
ι 5,18m bis 5,26m Gamma-Cassiopeia-Stär
ν1 5,66m bis 6,18m 3,17 Deeg Bedeckungsverännerleche Stär
R 5,9m bis 6,9m 4,4 Deeg Bedeckungsverännerleche Stär

Den R Arae ass e weidere Bedeckungsverännerleche vum Typ Algol, bei deem e liichtschwaache Begleeder all 4,4 Deeg virum Haaptstär laanscht zitt an hie bedeckt. Déi visuell Magnitude hëlt dobäi vu 5,9 op 6,9 m of.

Messier- an NGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

Messier (M) NGC aner Gréisst Typ Numm
6188 Oppene Stärekoup
6193 5,2m Oppene Stärekoup
6352 8,1m Kugelstärekoup
6362 8,3m Kugelstärekoup
6397 5,3m Kugelstärekoup
IC 4651 6,9m Oppene Stärekoup

Den NGC 6193 ass en helle Stärekoup, deen ongeféier 30 Stären huet. D'System gouf am Joer 1828 vum James Dunlop entdeckt.

Den NGC 6397 ass mat enger Distanz vun 8.000 Liichtjoer ee vun den nooste Kugelstärekéip. De Kugelstärekoup gouf am Joer 1752 vum Nicolas Louis de Lacaille entdeckt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ara – Biller, Videoen oder Audiodateien