Arabesch

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Arabesch Sprooch)
Arabesch (العربية)
D'arabesch Sprooch an der Welt: offiziell (gréng) a ko-offiziell (blo)
Gëtt geschwat an: Majoritéitssprooch an de Memberlänner vun der Arabescher Liga; Minoritéitssprooch an Eritrea, Ethiopien Iran, Israel, Kenia, Madagaskar, Mali, Mosambik, Niger, Senegal, Südsudan, Tierkei, Tschad
Regioun: Afrika, Asien
Gëtt geschwat vun: 300 Milliounen
Klassifikatioun no Famill: Afroasiatesch Sproochen
Semitesch Sproochen
Westsemitesch Sproochen
Arabesch
Offizielle Status
Offiziell Sprooch vun:
  • Maghreb:

Algerien
Libyen
Marokko
Mauretanien
Tunesien
Demokratesch Arabesch Republik Sahara

  • Maschrek:

Egypten
Irak
Israel
Jordanien
Libanon
Palestina
Syrien

  • Ost- an Nordostafrika:

Dschibuti
Eritrea
Komoren
Somalia
Somaliland
Sudan
Tschad

  • Arabesch Hallefinsel:

Bahrain
Jemen
Katar
Oman
Saudiarabien
Vereenegt Arabesch Emirater

Sproochcoden
ISO 639-1 ar
ISO 639-2 ara
ISO 639-3 ara

Arabesch (العَرَبِيةُ al-ʻarabiyyah oder عربي ,عربى ʻarabī) ass déi semitesch Sprooch, déi am wäitsten op der Welt verbreet ass. De Begrëff bezeechent dat klassescht Arabesch aus dem 6. Joerhonnert (an deem spéider och de Koran geschriwwe gouf) an déi modern Sproochen, déi doraus entstane sinn (mat Ausnam vum Malteeseschen).

Héich-Arabesch oder ‏الفصحى‎ Fuṣḥā ass eng vun de sechs Aarbechtssprooche vun de Vereenten Natiounen. Arabesch gëtt vu ronn 206 Millioune Leit als Mammesprooch a vu 94 Millioune Leit als Zweet- oder Friemsprooch geschwat.[1] Well se am reliéise Kontext vum Islam benotzt gëtt huet sech d'Arabescht zur Weltsprooch entwéckelt.

Héicharabesch, Modernt Standard-Arabesch genannt, ass déi eenzeg offiziell Form vum Arabeschen. Et gëtt an de meeschte geschriwwenen Dokumenter benotzt a bei formelle Geleeënheete geschwat (Virliesungen, Medien…). Marokkanescht Arabesch war eng Zäit laang a Marokko eng offiziell Sprooch, bis d'Land Member an der Arabescher Liga ginn ass.

Phonologie[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Die meistgesprochenen Sprachen weltweit (Muttersprachler und Sprecher in Millionen)