Arancini

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Arancini
Eefërmeg Arancini vu Lipari

Arancini (oder Arancine) sinn eng italienesch Kichespezialitéit aus Sizilien.

Et si eng Zort Kniddelen aus zesummegepaaptem Räis, ongeféier vun der Gréisst vun engem Tennisball, an deenen eng Farce ass aus Tomatenzooss, Gehacktes, Ierbëssen oder klenge Bounen, an och alt Champignonen oder klenggeschniddent Geméis a Kéis. D'Bulle gi panéiert an da frittéiert oder am Ueleg ugebroden. Traditionnell ass dëst eng Method, fir Risottosreschter vum Dag virdrun ze verschaffen.

Den Numm kënnt dovunner, well se wéi kleng Orangen ausgesinn (Orange heescht arancia).

Regional ginn et och Varianten, déi eng ovoid Form hunn.

Populärkultur[änneren]

De Kommissär Salvo Montalbano, de sizilianesche Romanheld vum Andrea Camilleri, ass e groussen Amateur vun Arancini.