Arbre du Ténéré
Den Arbre du Ténéré, franséisch fir „Bam vun der Ténéré“, ass e wichtegen Orientéierungspunkt quasi an der Mëtt vun der Ténéré-Wüst am Niger. Beim Arbre du Ténéré deelt sech d'Pist, déi vun Agadez kënnt, iwwert de Pëtz vun Achegour no Dirkou a weider südlech iwwert d'Oas Fachi no Bilma am Kaouar-Dall.
Ursprénglech war den Arbre du Ténéré eng Schiermakazie, deen als isoléierteste Bam vun der Welt gegollt huet - deen eenzegen am Ëmkrees vu 400 km. D'Akazie gouf 1973 vun engem Camionschauffer ëmgerannt a gëtt haut am Nigerianeschen Nationalmusée an engem eegene Pavillon ausgestallt. Se gouf spéiderhin duerch eng bamähnlech Metallkonstruktioun ersat, un där hiren „Äscht“ verchromte Raddeckelen als Reflektere fir d'Chaufferen an der Nuecht ubruecht goufen.
Et war dee leschten iwwerliewende Bam vun enger Bamgrupp, déi entstanen ass, wéi d'Wüst nach manner liewensfeindlech war wéi hautdesdaags. De Bam stoung fir vill Joerzéngten alleng. Am Wanter 1938/39 gouf e Schacht beim Bam gegruewen, woubäi erauskoum, datt seng Wuerzelen de Grondwaasserspigel an enger Déift vun 33 bis 36 Meter erreecht haten.
Beim Arbre du Ténéré läit e Pëtz, deem säi Waasser eng schlecht Qualitéit opweist. D'Salzkarawane benotzen déi Plaz fir z'iwwernuechten. D'Lagerplaz vun den Nomade beim Pëtz heescht Ad Azzaouagger.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Arbre du Ténéré – Biller, Videoen oder Audiodateien |