Archeophyten

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nuvola apps kuickshow.png Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Karblumm ass en Archeophyt dee mat dem Ackerbau an eis Géigende koum

Als Archeophyten (gr. ἀρχαῖος archaios „al“ a φυτόν phytón „Planz“) gi Planzenaarten bezeechent, déi viru 1492, wéi de Christoph Kolumbus no Amerika gereest ass, awer nach an historescher Zäit, duerch direkten oder indirekten mënschlechen Afloss an en neit Gebitt agefouert goufen a sech do selbstänneg ouni friem Hëllef etabléiere konnten. Am Geigesaz dozou sinn Neophyten Planzen, déi no 1492 agefouert goufen.

Beispiller vun Archeophyten zu Lëtzebuerg
Rout Karblumm, Rad, Kuerrad, Ruet
Agrostemma githago L.
Agrostemma githago 120605.jpg
Karblumm
Centaurea cyanus L.
Cornflower with Bee.jpg
Kaméileblumm, Kaméilen, Kanéilen
Matricaria chamomilla L.
Matricaria recutita 0.132 R.jpg
Feierblumm, Engelsblumm
Papaver rhoeas L.
Papaver rhoeas mak polny small.jpg