Lëtzebuerger Nationalarchiven
D'Lëtzebuerger Nationalarchiven, offiziell Archives nationales de Luxembourg, ofgekierzt ANLux, sinn d'Nationalarchive vum Lëtzebuerger Land [1]. D'Nationalarchive sinn an der aler Kasär vun der Fräiwëllegekompanie um Hellege-Geescht-Plateau an der Stad Lëtzebuerg ënnerbruecht, engem Gebai, dat als Militärlazarett gebaut gouf.
Direktesch ass d'Josée Kirps.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Geschicht
Laang Zäit sinn am Nationalarchiv just d'Dokumenter vun de Verwaltunge versuergt ginn, dofir gouf et och Staatsarchiv genannt. 1829 huet de Gouverneur Jean-Georges Willmar se fir interesséiert Fuerscher zougänglech gemaach.
D'Gesetz vum 5. Dezember 1958 iwwer d'Organisatioun vun der Nationalbibliothéik an de Staastarchiver huet festgehalen datt d'Staatsarchiven aus zwéin Deeler bestinn: engersäits aus den historeschen Archiver mat alen Dokumenter iwwer d'Lëtzeburger Geschicht an anerersäits aus den administrativen Archiver mat den Dossiere vun deene sech d'Verwaltunge getrennt hunn. Weider huet dat Gesetz festgeluecht datt d'Direktioun vun engem Professer vum Sekondärsenseignement assuréiert gëtt.
Duerch Gesetz vum 27. Februar 1965, gouf d'Gesetz vun 1958 ëmgeännert an erweidert. Dat neit Gesetz huet d'Plaze vum Direkter vun de Staastarchiver a vum Direkter vun der Nationalbibliothéik geschaaft.
D'Staatsarchiven (Archives de l'Etat) kruten duerch d'Gesetz vum 8. Dezember 1988 iwwer d'Reorganisatioun vun de Kulturinstituter vum Staat, zu deene se zielen, déi nei Bezeechnung "Nationalarchiven" (Archives nationales).
D'Nationalarchiv krut vun deem Gesetz folgend Aufgaben:
- all Dokumenter ze sammelen, déi en Intressi fir d'Geschicht vum Land hunn;
- d'Verwaltungsarchiver ze versuergen, ze klasséieren an z'inventarisiéieren, fir se fir historesch a Verwaltungszwecker kënnen ze gebrauchen;
- d'Staats- a Gemengeverwaltungen an och Privatentreprisen dobäi ze beroden, wéi se hir Archiven am beschte versuergen a klasséieren;
- Depote vu Privatarchiver unzehuelen.
Am Gesetz vum 25. Juni 2004 iwwer d'Reorganisatioun vun de Kulturinstituter vum Staat sinn am Artikel 7 d'Aufgabe vum Nationalarchiv festgeluecht.
[änneren] Direkteren
- 1965 - 1987: Paul Spang
- 1987 - 2003: Cornel Meder
- zënter 2003: Josée Kirps
[änneren] D'Gebailechkeeten
D'Archiv huet e puermol misse plënneren, ier et 1968 an d'Gebai, wou et haut ass, hikoum. Mee och dat Gebai ass scho laang ze kleng: Am Parking vum Hellege-Geescht-Plateau an ënnert dem Gebai vun der Post op der Gare ass zousätzleche Stauraum mat bäigeholl ginn.
Zënter 2003 besti Pläng, fir op der Frichë vun Esch-Belval en neit Gebai fir d'Archiver ze bauen[2]. Am Juni 2005 huet d'Regierung matgedeelt, d'Pläng géifen ëmgeännert ginn, fir d'Baukäschten an der Gitt ze halen. Am August 2008 sot d'Staatssekretärin fir Kultur, Octavie Modert, als Äntwert op eng parlamentaresch Ufro, et wier elo virgesinn, de Projet an e puer Etappen ze realiséieren: An enger éischter Phas sollt e Gebai vu 25.000 m² gebaut sinn, wouvunner der 20.000 fir d'Stockéiere vun Dokumenter wieren. Wann d'Lagerraim voll wieren (der Staatssekretärin no géingen déi 20.000 m² fir 15 Joer duer), kéinte méi spéit 2 Mol 5.000 m² Lagerraim bäigebaut ginn. Am Mäerz 2009 hätt sollen deen neie Projet virgestallt ginn.[3] Ee Joer drop war nach ëmmer näischt geschitt. An der Tëschenzäit musse weider provisoresch Lagerraim mat bäigeholl ginn, fir Neizougäng kënnen ze versuergen.
[änneren] Literatur
- Spang, Paul: Quand les archives racontent l'histoire des archives, Lëtzebuerg, 1979, Kulturministär.
- Tomassini, Joseph: Archives nationales Luxembourg / vues par Joseph Tomassini; Texter: Josée Kirps, René Kockelkorn, Luxembourg: Archives nationales, 2010, Lëtzebuerg, Impr. Centrale, ISBN 978-2-919773-03-9
[änneren] Referenzen
- ↑ Ob "Archiv" (Eenzuel) oder "Archiven" (Méizuel) hänkt vum sproochleche Virbild of: Op Franséisch sinn et "Archives nationales", op däitsch en "Nationalarchiv"
- ↑ http://de.agora.lu/de/project_belval/projects/archives_etat.html ; http://www.paulbretz.com/deutsch/projekt9/index.html
- ↑ "Weniger groß und weniger teuer: Staat wird Nationalarchiv auf Belval-West in mehreren Phasen verwirklichen". wort.lu, Versioun vum 27-08-2008 07:15.
[änneren] Um Spaweck
- Websäit vun den Nationalarchiver
- Jean-Marie Reding: Unbearbeitet, unzugänglich, unwert oder unauffindbar. Staatliche Archivkultur in Luxemburg forum.lu, 2005, Nr 251; (Archived by WebCite®)
- Loi du 5 décembre 1958 ayant pour objet l´organisation de la Bibliothèque Nationale et des Archives de l´Etat am Mémorial N° 64 vum 19. Dezember 1958, S. 1551 - S. 1552
- Loi du 26 février 1965 portant modification et complément de la loi du 5 décembre 1958 ayant pour objet l'organisation de la bibliothèque nationale et des archives de l'Etat am Mémorial A - N° 10 vum 27. Februar 1965, S. 103 - S. 104
- Loi du 28 décembre 1988 portant réorganisation des instituts culturels de l´Etat am Mémorial A - N°71 vum 28. Dezember 1988, S. 1480 - 1492
- Loi du 25 juin 2004 portant réorganisation des instituts culturels de l’Etat am Mémorial A - N° 120 vum 15. Juli 2004, S. 1798 - S. 1810