Ardoises

Vu Wikipedia
Ardoises
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 1937-1938
Première 23. September 1938
Faarf Schwaarz-Wäiss
Format 1:1,37
Filmformat 35 mm
Originalsprooch Franséisch
Däitsch
Ekipp
Regie René Leclère
Dréibuch René Leclère
Fotografie Marcel Grignon
Musek Wal-Berg
Produktiouns-
gesellschaft
Filmalux
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ardoises ass e lëtzebuergesche Kuerzfilm vum René Leclère aus dem Joer 1938.

De Film ass en Tounfilm[1] an a schwaarz-wäiss gedréint.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Film beschreift d'Aarbecht an de Leekollen an d'Produktioun vu Leeën.

E gouf produzéiert fir Reklamm fir de lëtzebuergesche Schifer ze maachen an an de Schifergrouwen zu Uewermaartel gefilmt.[1]

Produktioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Dréiaarbechten hunn de 25. September 1937 ugefaangen.[2]

Un der Produktioun waren den Evy Friedrich an de Kameraoperateur Marcel Grignon bedeelegt, déi schonn u Il est un petit pays (1937) mam René Leclère zesummegeschafft haten.[2]

Et war deen éischte lëtzebuergesche, bei deem eng kënschtlech Beliichtung zum Asaz koum, an de Schifergrouwen.[2]

D'Première war am Ciné Marivaux den 23. September 1938.[3]

De Film huet eng laang Zäit als verluer gegollt, bis den CNA 1997 e puer Kopien erëmfonnt huet an en d'Joer drop restauréiert huet.[4]

Wat sot d'Press?[änneren | Quelltext änneren]

Luxembourg: journal du matin:[3]

Au cinéma Marivaux on a projeté vendredi soir un nouveau film de René Leclère sur les ardoisières de Martelange. Cette production lui fait le plus grand honneur. Il suit d'un bout à l'autre l'extraction des ardoises dans les galeries, la mise en oeuvre des blocs qu'on en extrait et leur transformation en plaques, éviers, seuils de porte, appuis de fenêtres, etc. Toutes ces vues sont du plus grand intérêt et font comprendre rimportance de cette industrie dans notre vie économique.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

Ronn 70 Joer méi spéit huet den Tom Alesch mat Bloë Steen (2007) e weideren Documentairen iwwer d'Schiferindustrie zu Uewermaartel gedréint.

Am Joer 1999 huet de Paul Lesch e Buch iwwert de René Leclère a säi Wierk verëffentlecht. Zesumme mam Buch huet den CNA, als Deel vun der Serie "Ardoises", siwe Filmer vum Leclère op VHS-Kassett erausbruecht, dorënner Il est un petit pays.[5][6]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • René Leclère, pionnier du cinéma luxembourgeois, vum Paul Lesch, 1999[5]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Notizen zur Woche, Escher Tageblatt, 18. Mäerz 1938, Säit 10
  2. 2,0 2,1 2,2 Nos cinéastes, Luxembourg: journal du matin, 25. September 1937, Säit 3
  3. 3,0 3,1 Un nouveau film de René Leclère, Luxembourg: journal du matin, 26. September 1938, Säit 3
  4. Rapport d'activité du Ministère de la culture 1997, Mäerz 1998, Säit 137
  5. 5,0 5,1 Biographie vum Leclère mat Kassett vu senger Filmer um Site vum CNA.
  6. luxemburgensia.lu: Il est un petit pays qui n'a partout que des amis vum Josée Hansen (9. Mäerz 2000)